Mir gedenken dem Mary Higgins Clark

Um haitege Freideg ass net nëmmen Hellegowend, eigentlech hätt déi berüümten amerikanesch Schrëftstellerin Mary Higgins Clark Gebuertsdag gehat. Leider ass si den 31. Januar 2020 am stolzen Alter vu 97 Joer verstuerwen.

Ier si sech fir dësen aussergewéinleche Beruff entscheet huet, war d’Mary Higgins Clark fir d’éischt Sekretärin an Stewardess. Eréischt nodeems si sech bestuet huet, huet d’Madamm mam Schreiwen ugefaangen. Schnell huet si erkannt, datt si mat Bic a Blat nawell talentéiert ass.

Nodeems si am Joer 2007 fir de renomméierte franséische Präis « Grand prix de littérature policière » ausgezeechent gouf, huet dësen hier Kriminalromaner op méi een héije Level bruecht. Zanterdeem gehéiert si zu de Staren aus der Branche. D’Mary Higgins Clark huet 25 Romaner verëffentlecht, si goufen an ënnerschiddleche Sproochen iwwersat – a verschiddener si souguer verfilmt ginn – an hate genee esou ee Succès.

Zanter 2001 gëtt et ee Literaturpräis, deen no der erfollegräicher Autorin benannt gouf – den « The Simon & Schuster – Mary Higgins Clark Award ».

Dëse gëtt meeschten un Auteuren verginn, déi sech un der schrëftlecher Traditioun vun der Autorin inspiréiere gelooss hunn. Och hiert Meedchen Carol Higgins Clark a souguer d’Schwéiesch Mary Jane Clark sinn Autorinnen. D’Schreiwen ass wuel ee Familljegeschäft.

D’Haaptfigure vum Mary Higgins Clark hire Bicher si meeschtens staark Fraen, déi sech behaapte kënnen an net kleng bäiginn. Dobäi ginn dës onfräiwëlleg a Kriminalfäll verwéckelt oder eng traumatesch Erfarung hannert sech loossen.

Nach eng kleng Portioun Léift a schonn si fir opreegend Stonnen oder Deeg gesuergt.

Dernières nouvelles