Geféierlech Fluchtweeër, couragéiert Aktivisten

D‘Sea-Eye4 huet mat Trapani ee sécheren Hafe fonnt, d‘Ocean Viking waart op Zouweisung

Um Sonndeg huet d‘Crew vum Séinoutrettungsschëff Sea-Eye4 op Sizilien am Hafe vun Trapani festgemaach. No laangen Deeg um Mier, konnten déi iwwer 800 gerett Migranten/Flüchtlingen dat vëlleg iwwerbeluechte Schëff verloossen. Déi allermeescht Mënsche ginn elo emol op aner Schëffer verluecht, wou si ënner Quarantaine gestallt ginn. 160 Mannerjäreger dierfen u Land goen.

Et waren awer nees vill ze vill Verhandlungen néideg. Kee Land wollt dem Schëff d‘Afaart an en Hafen erlaben. Eng Prozedur, déi politesch gewollt ass, an entgéint den éiwege „gutt Wieder Meldunge vum Lëtzebuerger Ausseminister“, éischter en Zeechen dofir ass, datt et bannent der Unioun ëm d‘Migratiounspolitik esou gutt bestallt ass wéi ëm d‘Rechtsstaatlechkeet vu Polen.

Gutt d‘Hallschent vun de Migranten/Flüchtlingen hat d‘Crew vun der Sea-Eye4 de 4. November aus dem Mëttelmier gefëscht, déi aner Séibrécheg goufen a weidere, separaten „Aktiounen“ opgeholl. Dëst Schëff huet eigentlech Plaz fir bis 200 Mënschen, wourauser erkennbar gëtt, datt all Dag deen onnéideg muss um Mier verbruecht ginn, ganz däitlech als „repressiv Mesure“ muss betruecht ginn.

Och soss, maachen engem d‘Autoritéiten Angscht

Dat all d‘Länner ronderëm d‘Mëttelmier zu Recht onzefridde sinn, well si sech deels am Kontext vun der Migratioun mam Problem eleng gelooss fillen, och dofir kann ee Versteesdemech hunn. Et kann sech awer net ugoen, datt „gewësse Servicer“ sech iwwert internationaalt Séirecht ewech setzt a ganz aktiv den Dout vu Migranten/Flüchtlingen „aus der Distanz“ begleet. A genee dat geschitt.

Mëttelmier

Esou huet Malta zwar d‘Noutsignal vun esou enger „Nossschuel“ a sengem Sich- a Rettungsgebitt matkritt, mee dëst wëssentlech, méiglecherweis esouguer op Uerder vun der Regierung ignoréiert. Och der Sea-Eye4, déi sech dann der Rettung vun de Séibréchegen ugeholl huet, huet Malta keng Äntwert ginn. D‘Crew hat sech du missen der italienescher Insel Lampedusa missen unhuelen.

Mee och hei gouf der Sey-Eye4 d‘Afaart an den Hafe verweigert… Dank der Ulandung zu Trapani ass dëse Volet finalement awer nach erfollegräich ofgeschloss ginn. Mee D‘Sea-Eye4 ass net dat eenzegt Schëff, datt sech deenen humanitären Aktiounen unhëlt, déi eigentlech Aufgab vun der EU – zumindest bezunn op déi Wäerter déi se virgi verdeedegen ze wëllen – an hire Länner sollt sinn.

Mëttelmier

An esou ergëtt et sech, datt d‘Ocean Viking vun der ONG „SOS Méditerranée“, déi mëttlerweil och iwwer 300 Migranten/Flüchtlingen aus hire prekären Embarcatiounen gezunn huet, och déi bewosst verzögerend Prozedur iwwert sech ergoe loosse. Malta, huet dem Kapitän vun der Ocean Viking jiddefalls verbueden d‘Insel unzelafen. Europa spillt nees op Zäit, an dat mat vollster Absicht.

Bréissel wier am léifsten, all dës vun ONGen (déi vu ville weideren Organisatioune gestäipt ginn, jo esouguer, wéi an Däitschland vun der Kierch a ville Buergermeeschter ënnerstëtzt ginn) géif et guer net ginn. Deenen hir Ae gesinn a notéieren d‘Verbrieche vun der Europäescher Grenzschutzagence FRONTEX, firwat een d‘Nossschuele mat de Migranten/Flüchtlingen net einfach versenke kann.

Foto: © Hermine Poschmann /@Seenotrettung

Dernières nouvelles