Neie Geforesystem fir Lëtzebuerg

D’Regierung riicht en neie System an, fir d’Populatioun am Fall vun enger akuter Gefor warnen ze kënnen

Déi rezent Wiederen, a besonnesch déi vum Juli 2021, déi en Impakt op d’ganz Populatioun haten, hunn d’Entscheedung vun der Regierung vun 2020 ënnerstrach, fir mat den Aarbechten un engem neien Alarmsystem fir d’Populatioun weider ze fueren.

An engem technesche Briefing, zu deem et de 4. Mäerz 2022 koum, gouf d’Konzept vun engem Alarmsystem iwwer verschidde Kanäl virgestallt, deem säin Zil et ass, souvill Populatioun wéi méiglech ofzedecken, andeems op eng eenzeg Alarmplattform zréckgegraff gëtt, déi u verschidde Kommunikatiounskanäl gekoppelt ass. Sou gëtt all Alarm, dee vun nationalen Autoritéite kënnt, iwwert dës Plattform verschéckt.

D’Warnung vun der Population ass een noutwendegt Geschier, fir et de Biergerinnen a Bierger z’erlaben, sech op en zoufällegt oder net zoufällegt Evenement virzebereeden an déi nëtzlech an néideg Virsiichtsmoossname fir d’Rettung vu Persounen a Gidder z’ergräifen. D’Missioun vun der Warnung vun der Populatioun, déi zanter 2018 zu de Kompetenze vum Inneminister gehéiert, bezitt sech effektiv net nëmmen op d’Aktioun selwer, mä och do ronderëm, an engem Zil vu Resilienz a Präventioun.

Fir en nationalen a performante System iwwer verschidde Kanäl hinzekréien, ass an de leschte Méint e Konzept festgehale ginn, dee sech op eng Approche an e Makroplang baséiert, déi sech un d’statlech Verwaltunge riichten, déi en Alarm erausginn.

Stand haut gëtt et zu Lëtzebuerg d’App „GouvAlert.lu“, déi 2018 lancéiert gouf, an e System fir d’Verschécke vun enger national a zonal limitéierter SMS, Mëttelen, déi den 18. Februar 2022 benotzt goufe beim rouden Alarm, dee wéinst staarkem Wand vu MeteoLux lancéiert gouf. D’App wäert an enger éischter Phas aktualiséiert ginn, fir hir Ergonomie ze verbesseren, ë.a. fir d’Uweise vun engem Alarm, an nei Funktiounen hunn, déi néideg sinn, fir eng nei Strategie vu regelméissegen Tester vum Alarmsystem anzeféieren.

Op Grond vu viregten Experienzen a vun Analysen aus de leschte Méint huet de Konzeptiounsprojet gewisen, dass de Warnsystem − iwwert d’Verbessere vum Geschier eraus, dat et scho gëtt − op zwee verschiddene Piliere fousse misst, an zwar, op där enger Säit, op dem Iwwerschaffe vun den Technologien, déi d’Verbreede vu Messagë fir Handye sécherstellen, an, op där anerer Säit, der Definitioun vun engem Féierungssystem, deen et all de betraffenen Acteuren erlaabt, d’Geschier op eng koordinéiert a standardiséiert Aart a Weis ze notzen.

D’Bereetstellen, duerch d’Handyoperateuren, vun der technescher Infrastruktur, déi d’Verschécke vu geolokaliséierten SMSen (location based SMS – LB-SMS) a vu Messagë via Zelliwwerdroung (cell broadcast) erlaabt, wäert vum op-d’Bee-stelle vun enger zentraler Warnplattform begleet ginn, déi d’Häerzstéck vun der zukünfteger Warnung fir d’Populatioun duerstelle wäert an un déi verschidden Infrastrukture wäert gekoppelt ginn, déi eng strukturéiert a koordinéiert Kommunikatioun vun de verschéckte Messagë sécherstellt, fir e maximaalt Ofdecke vun der Populatioun. D’zentral Warnplattform soll kënnen ausgebaut ginn a kéint, bei méiglechen Entwécklungen, d’Bäiflécke vun anere Kommunikatiounsmëttelen erlaben, wéi d’Medien an d’sozial Netzwierker. D’Handyoperateure sinn de ganze Prozess iwwer agebonnen, fir hiren Know-how anzebréngen.

*matgedeelt vum Innenministère

Dernières nouvelles