T’ass Géigendeeldag!

Wann Erwuessener nees dat bannenzegt Kand erausloossen dierfen, kann dat un engem kuriéisen Aktiounsdag leien. Ma, um haitege Géigendeeldag ass et erlaabt fir Verwirrung ze suergen, andeems een de Géigendeel vun deem seet, wat een eigentlech mengt, oder de Contraire vun deem mécht, wat een eigentlech wollt.

De lëschtegen Aktiounsdag kënnt aus den USA, allerdéngs ass net genee gewosst, wien en an d’Liewe geruff huet a wisou en all Joer op de 25. Januar fält. Déi eng Quellen erziele vum Alexander Kerr Craig, engem US-amerikanesche Politiker a Friddensriichter, deen zanter 1872 reegelméisseg de Géigendeeldag zelebréiert soll hunn.

Aner Quellen bezéie sech op e giele Schwamm am Mier – fir genee ze sinn d’Serie SpongeBob Schwammkopf an d’Folleg mam Titel „Im Gegenteil“. Hei well de granzegen Thaddhäus säin Haus verkafe fir endlech vu sengen nervegen Nopere fortzekommen.

Well d’Haus awer just zu engem gudde Präis verkaaft ka ginn, wann och an der Noperschaft alles an der Rei wier, notzt hien de Géigendeeldag als Trick, datt de Spongebob an de Patrick sech behuele sollen. Dat scheiter awer …

Ma, eigentlech ass et jo net esou wichteg, wouhier den Aktiounsdag kënnt. D’Haaptsaach ass, datt ee Spaass huet.

An der Sproochwëssenschaft gëtt e Géigendeel iwwregens och Antonym genannt. Bezeechent gëtt heibäi ee Géigesaz vun enger Saach, Persoun oder Eegenschaft. Esou sinn einfach Beispiller grouss a kleng, Frënd a Feind, propper a knaschteg oder och Dag an Nuecht. Zudeem gëtt et wuel net fir all Wuert e Géigendeel. Dat setzt nämlech viraus, datt mir all déi selwecht Krittären zu eppes festleeën. Spannend gëtt et och dann, wann ee Wuert och direkt säin eegene Géigendeel beschreift, sou de Fall bei „ëmfueren“.

Dernières nouvelles