Géint Oflenkung beim Fueren: D‘Police kontrolléiert verstäerkt

Nach bis den 30. Juni 2022 ass d‘Police verstäerkt zu Lëtzebuerg ënnerwee. Bei de Kontrolle geet et virun allem dorëm, géint d‘Oflenkung wärend dem Fueren virzegoen an d‘Chauffeuren ze sensibiliséieren.

Besonnesch d‘Klimperen um Handy suergt dofir, datt den Automobilist seng Opmierksamkeet méi op de klenge Bildschierm, wéi op d‘Strooss riicht. Doduerch kennen Accidenter provozéiert ginn, déi eigentlech einfach verhënnert kéinte ginn. Wien erwëscht gëtt, muss mat enger Geldstrof vun 145 € an dem Verloscht vun 2 Punkten rechnen.

Ma, och beispillsweis och wärend der Faart ze fëmmen, an der Posch ronderëm ze kromen, um Tableau de Bord ze spillen, den Navigatiounssystem anzestellen oder och einfach mam Bäifuerer e verdéift Gespréich ze féieren, ka schnell an onbewosst onopmierksam maachen. Net nëmme sech selwer, mee och aner Autofuerer, Motocyclisten, Vëlofuerer a Foussgänger ginn onnéideg a Gefor gesat.

An dësem Kader mécht d‘Police op de soziale Medien op d‘Problemer vun der Oflenkung beim Fueren opmierksam. Dobäi ginn eng ganz Rëtsch un Informatiounen an Tipps fir déi eege Sécherheet ugebueden.

Datt ee bei enger Kontroll d‘Pabeiere virweise muss, sollt dobäi all Fuerer bewosst sinn. Heizou gehéiert de Führerschäin respektiv de Certificat d‘Apprentissage (mam Carnet de Stage), eng gülteg Versécherung, déi gro Kaart, d‘Steiervignette an den Certificat de Conformité.

Dernières nouvelles