Gespréichstheme fir den Alldag

D’Coronapandemie huet bei jiddwerengem Spueren hannerlooss. Duerch déi sozial Isolatioun, fält et de Mënsche bestëmmt schwéier, iwwert esou munches ze schwätzen.

Wéi kann een d’Äis da briechen?

D’Gespréich ass eist wichtegst Instrument, fir aner Mënsche kennenzeléieren. Et gi Leit, déi behaapten, datt ee Gespréich ze féieren, eng Konscht wier. Do hunn se wuel Recht. Net jiddweree weess, wéi een en interessant Gespréich féiert.

Hautdesdaags kënnt et dacks vir, datt Treffe méi seele stattfannen an een « kënschtlechen » Androck maachen. Ee gutt Gespréich sollt Themen opgräifen, déi den Interessi waakreg rëselen.

Ma et ginn d’Themen, déi den Ufank vun engem Gespréich erliichteren.

Reesen: Och wann déi aner d’Persoun d’Haus bal net verléisst – et gëtt bestëmmt déi eng oder aner Rees, un déi si sech erënnere kann – a wann et just bis an déi nächst Stad war. Reese garantéieren Iwwerraschungen a vermëttele Wëssen. Mat dësem Thema léiert een de Mënsch besser kennen. Si ginn deemno wéi Hiweiser op aner Kulturen.

Filmer a Bicher: Filmer (a Bicher) sinn een weidert Gespréichsthema, bei deem et kengem schwéier fält, seng Meenung ze soen. A fir iwwer Filmer ze schwätzen, muss ee keen Cineast sinn. Mir hunn alleguerte schonn ee Film gesinn, deen eis déif am Häerz beréiert huet. Mir hunn misse laachen oder kräischen. Villäicht huet souguer een eis duerch d’Liewe gefouert.

Hausdéieren: Mir Mënsche liewen zanter dausende vu Jore mat Hausdéieren. Déi eng mat Papageien, aner Leit hu léiwer Kazen, Fësch oder Hënn. Si sinn Deel vun eisem Liewen a gewannen eis Léift, Stéck fir Stéck. Dës weideren hu mir all scho Geschichten iwwer Déieren héieren oder gelies.

Iessen an Drénken: D’Iesse wat mir gär oder net gären hunn, ass fir gewéinlech een interessant Gespréichsthema, bei deem vill ënnerschiddlech Geschichten erauskommen. Et ass villächt banal, mee wie weess?

Dernières nouvelles