S.A.R. de Groussherzog Henri positiv op Covid-19 getest

Wéi de groussherzoglechen Haff matgedeelt huet sinn e Covid-19-Schnelltest, sou wéi och e PCR-Test bei S.A.R. dem Groussherzog Henri positiv ausgefall. Aktuell weist hie liicht Symptomer op.

Gëschter Moien huet de Schnelltest zwee Strécher ugewisen. Doropshin huet de Groussherzog sech selwer an Isolatioun gesat. E PCR-Test, deen uschléissend gemaach gouf, konnt d’Resultat bestätegen.

Esou ginn et e puer Ännerungen um Programm vun haut. Den Ofschid vun de Ministeren Dan Kersch, Romain Schneider a Pierre Gramegna, déi am November kuerz hannereneen hir Demissioun ugekënnegt haten, sinn ofgesot.

D’Vereedegungszeremonie vum Claude Haagen, Georges Engel a Yoruiko Backes wäert wéi virgesinn am Palais stattfannen. Heirun hëlt de Groussherzog per Videokonferenz vum Schlass Bierg aus deel.

Dernières nouvelles