Ganzer 48 Zaldoten hunn déi 4 Méint Basisformatioun erfollegräich ofgeschloss an e Freideg hiert feierlecht Verspriechen ofginn.
Am klenge Kader huet déi offiziell Vereedegungszeremonie um Härebierg zu Dikrech stattfonnt. Bei dëser 41. Sessioun vun de Rekrutten goufen déi Zaldot geéiert, déi mat Succès wärend de leschte Méint op hir zukünfteg Aktivitéiten an der Arméi virbereet gi sinn.
An dësem Kader huet de François Bausch, Vize-Premier a Verdeedegungsminister op déi zuelräich Erausfuerderungen a Missioune vun der Arméi higewisen. Ab dem 15. Januar 2022 gi beispillsweis iwwer 200 Zaldoten an de 5 Testzenteren agesat.