Haut ass Weltverbraucherdag

De Weltverbraucherdag gëtt zanter 1983 un dësem Dag zelebréiert. Mat dësem Gedenkdag berifft sech déi International Verbraucherorganisatioun op de fréieren US-Präsidente John F. Kennedy, deen am Joer 1962 an enger Riet, d’Grondzich vun enger moderner Politik zum Schutz vun de Verbraucher*innen entworf huet.

De Krich an der Ukrain bréngt vill Leed an Onsécherheeten. En huet och Konsequenzen fir eis Verbraucher a Westeuropa. Stroum, Gas, Ueleg, a sou weider. D’Problemer an d’Froen, déi de Krich an der Ukrain bei eis ausléist, si villfälteg. Hei zu Lëtzebuerg beäntwert de Konsementeschutz déi wichtegst Froen.

Wéi kann ee säi perséinleche Verbrauch e bëssen aschränken?

Zanter enger Zäit klammen d’Präisser fir Liewensmëttel. Verbraucher kënne beim Akafen awer Sue spueren, ouni op Qualitéit ze verzichten. Virun allem ass et wichteg op Impulsakeef ze verzichten. Oder net hongereg an de Buttek eranzegoen. Am beschten ass een een Iessplang fir eng Woch ze gestalten an dann een Akafsziedel ze schreiwen. Well wann den Akaf net geplangt ass, gëtt an der Reegel méi kaf – an dat lant eventuell an der Poubelle. Grouss Caddien verféieren de Keefer och dozou méi anzekafen, ee Kuerf ass soumat besser.

Och beim Drénke kann een nawell spueren. Et geet duer, d’Waasser aus dem Krunn ze benotzen, aplaz ee Sixpack Mineralwaasser ze kafen. D’Spuerpotenzial fält nach méi grouss aus, wann d’Famill bis elo just Mineralwaasser, Limonad oder Jus gedronk huet. Wien frësch kacht a sech d’Zaloten selwer preparéiert, kënnt besser ewech. Ganz motivéierter kënnen d’Brout souguer selwer baken, do kann een och beim Goût flexibel sinn.

Dernières nouvelles