Haut ass Weltwaasserdag

De Weltwaasserdag fënnt zënter 1993 statt, säit 2003 gëtt en vun UN-Water organiséiert. Den Aktiounsdag hëlt all Joer u Bedeitung bei.

De Moment hunn 2,2 Milliarde Mënsche keen Zougang zu propperem Drénkwaasser an fir 4,2 Milliarde Mënschen ass et net méiglech propper Sanitäranlagen ze notzen.

D’Vereenten Natiounen verdäitlechen mat Zuelen, datt d’Staategemeinschaft hirt Zil verfeele wäert, sollten si sech net méi beméien. Eng global Waasserkris kéint op eis duerkommen. Dofir ass et wichteg sech fir e stäerkeren, zilorientéierte Beitrag anzesetzen.

D’Situatioun vun der Weltgemeinschaft gëtt ëmmer méi extrem. De Besoin no Waasser klëmmt, dozou kënnt, datt de Klimawandel op ville Plaze fir Dréchenheet verantwortlech ass. Et steet ausser Fro, datt eng global Kris verhënnert muss ginn, bal een Drëttel vun de Mënschen hu keen Zougang zu propperem Waasser. Dat muss onbedéngt geännert ginn. De Mënsch brauch d’Waasser fir ze liewen.

Ouni eng sécher Versuergung mat propperem Waasser kënne mir weder eng gutt Gesondheetsversuergung oprechterhalen, nach fir de Schutz vun Natur- a Landschaftsraim suergen. Dofir muss elo onbedéngt gehandelt ginn. De Manktem u Waasser kënnt duerch de Bevëlkerungswuesstem, dem Konsum an dem Klimawandel. Et ass nawell eng Erausfuerderung fir d’Mënschen.

Am Mëttelpunkt vun dësem internationale Weltwaasserdag steet d’Waasser- an d’Sanitärversuergung. Dëst ka just richteg realiséiert ginn, wann een universaalt Verständnis fir de Wäert vum Waasser erreecht gëtt. Wichteg ass och, datt de Mikroplastik am Ofwaasser reduzéiert gëtt.

Dernières nouvelles