Ukrain: Hëllef bei Evakuéierung vun Zivilisten

Gëschter huet dat Internationaalt Rout Kräiz bei der Evakuéierung vun Zivilisten aus der Stad Sumy gehollef. Dëst huet d’Operatioun erliichtert.

Dobäi sinn zwee Konvoie mat mindestens 80 Busser aus der Stad gefuer.

« D’Ausmooss vun dëser humanitärer Katastroph ass net ze gleewen. Mir hunn Honnerte vun Zivilisten, déi probéieren an d’Busser ze klammen, a mir wäerte probéieren si iwwert Grenz an a Sécherheet bréngen », sot den Erik Tollefsen, Member vun Internationale Roude Kräiz.

De Konvoi ass géint 13 Auer gestart. Dobäi huet dat Internationaalt Rout Kräiz, datt dëst déi éischt vu villen Operatiounen an ee séchere Passage fir Mënschen ass, déi dréngend Schutz an humanitär Hëllef benéidegen.

Een Ofkommen tëscht den zwou Konfliktparteien huet dës Evakuéierung erméiglecht. Dobäi ënnersträicht dat Internationaalt Rout Kräiz awer, datt si keen Garant fir solch Ofkomme sinn. Bei der Ëmsetzung kënne si allerdéngs hëllefen.

Et läit un de Parteien, sech un Safe Passage-Reegelen ze halen. Et geet net duer, hinnen zouzestëmmen.

Mënschen a Stied ewéi Mariupol sinn agekesselt. Hinne bleift praktesch keen Auswee. Si liewen ouni Liewensmëttel, Waasser oder Stroum. Hoffen ëmmer op dat Schlëmmst. Och si musse ganz séier ee sécheren Fluchtwee erhalen. Humanitär Hëllef muss zougelooss ginn.

Dernières nouvelles