Meteolux: Hëtzewarnung fir de Süden vum Land 

Den nationale Wiederdéngscht Meteolux huet fir haut a muer eng Alerte Jaune fir de Süden vum Land erausginn. Et ass mat Héchsttemperaturen tëscht 30 a 32° Celsius ze rechnen.

D‘Alerte gëllt u béiden Deeg ab 13 Auer. Bis géint der Owend ginn héich Temperaturen mat liichtem Wand erwaart. Passt also op Iech op, drénkt genuch Waasser an ënnerhuelt keng ze ustrengend Aktivitéiten dobaussen.

Dernières nouvelles