Hong Kong: 2.000 Hamstere sollen no Covid-19-Ausbroch ëmbruecht ginn

Nodeems am chineeseschen Déierebuttek „Little Boss“ 11 Hamster positiv op Covid-19 getest goufen, sollen elo preventiv ëm 2.000 kleng Nagedéieren ëmbruecht ginn, fir d’Iwwerdroung vum Virus op de Mënsch an aner Déieren ze verhënneren.

E Spriecher vum Ministère fir Landwirtschaft, Fëscherei an Erhalung (AFCD) huet erkläert, datt ee Mataarbechter am Déierebuttek um Coronavirus infizéiert ass. Uschléissend si Prouwen bei Hamsteren, Chinchillaen a Kanéngercher geholl ginn, woubäi an 11 Echantillonen vun Hamsteren de Virus noweisbar war. Och am Lager zu Tai Po waren ënnert den 511 Stéchprouwen positiv Resultater dobäi.

„Etüden aus dem Ausland beweisen, datt wann d’Hamstere am Labo bis mat Covid-19 infizéiert goufen, sech de Virus multiplizéiert an op déi ganz Herde un Hamsteren ausbreet, wouduerch de Risiko signifikant klëmmt fir de Virus ze verbreeden an och op Mënschen an aner Déieren ze iwwerdroen“, sou de Spriecher.

All Dag dausenden Déiercher ze testen an eventuell ze isoléieren, géif d’Kapazitéiten iwwerschreiden. D’Liewewiesen ofzeginn an op eng „human Aart a Weis“ ëmzebréngen, géif dozou bäidroen d’Epidemie ze kontrolléieren. Esou wäerten Nager aus 34 chineeseschen Déierebutteker ageschléifert ginn. Zousätzlech dozou mëttlerweil ass all Import a Verkaf vu klenge Mammendéieren an der Regioun ënnersot.

Ofschléissend roden d’Autoritéiten de Besëtzer vun Hausdéieren hiert Doheem propper an hygienesch ze halen. Wie krank ass, soll net nëmmen de Kontakt mat de Matmënschen, mee och mam Hausdéier aschränken.

Net nëmmen Déiereschützer sinn entsat iwwert dës drastesch Decisioun. Och am Internet mécht sech grousst Onverständnis breet. Et ass riets vu Petitiounen, déi lancéiert goufen, fir d’Liewe vun den Déieren ze retten. Aner Quellen schreiwen, datt e Mëttwoch dausende Mënschen an Hong Kong probéiert hätten d’Hamsteren ze adoptéieren an esou virum Dout retten.

Schonn am Joer 2020 sinn an Dänemark ëm 18 Milliounen Näerzer wéinst enger Coronavirus-Mutatioun ëmbruecht ginn.

Dernières nouvelles