Editorial: De Journalist huet alles verstanen

Ob et erlaabt ass nozefroen, ob ee politescht Mandat den haart erschafften intellektuelle Fäegkeete schued? Gewëss net, an esou wéi een den Offizéier net d‘Krichsféierung iwwerloosse soll, sollt ee Journaliste vu politesche Mandater ewech halen. Dat trëfft esou voll a Ganz op den dialoggestéierte Minister fir Digitaliséierung an den ëffentlechen Déngscht zou. Zumindest bezunn op seng digital Expertise. Dobäi hätt ee gemengt, de Mann hätt – bezunn op den Alter – digital Kompetenzen.

Deen huet jiddefalls gëschter emol festgestallt, dat et mat der aktueller Technik net méiglech ass, gefälscht QR-Coden ze läschen, net emol wann den Zertifikat ob den tëschenzäitlech verstuerwene Vegetarier Adolf Hitler ausgestallt ass. Dat léisst de Schluss zou, datt déi deier bezuelten Experten, wou de Programm erstallt hunn, net dovunner ausgaange sinn, datt de System kéint mëssbraucht ginn, firwat et wuel net néideg war virzegesinn, esou QR-Coden ze läschen oder als ongülteg ze markéieren. Dat soll elo mat engem Update oder enger neier Versioun behuewe ginn, heescht et.

Bosseg och d‘Ausso, datt de System net gehackt gouf, mee ee puer där „echt falsch ChovidCheck-Zertifikater“ vu Mataarbechter vun der Santé ausgestallt goufen. Et géif elo versicht d‘Spuer vun de „falschen“ Zertifikater ze verfollegen an d‘Date-Brigangen der Justiz zouzeféieren. Bis dann elo awer d‘Micky Maus, de Sponge Bob an den Éisträicher mat dubiéiser Vergaangenheet keen Zoutrëtt zu Veranstaltungen ënnert CovidCheck-Regimm méi kréien, dierft et nach eppes daueren.

Dernières nouvelles