Den haarde Wee vum Hugo Boss

Wat als kleng Kleederfabrik zur Zäit tëscht der Weimarer Republik an dem Drëtte Räich ugefaangen huet, steet haut schonn an der drëtter Generatioun vum weltwäit erfollegräiche Moudekonzern am Luxus-Segment. Riets ass vun HUGO BOSS – een Numm, dee wuel jiddwerengem direkt Biller vu Kleedung a Parfum an de Kapp rifft. Haut virun 137 Joer ass säi Grënner, den Hugo Ferdinand Boss op d’Welt komm!

Bis zu sengem 14. Liewensjoer ass de jonken Hugo zu Metzingen an d’Schoul gaangen, ier et dunn zu enger kafmännescher Léier vun 3 Joer komm ass. Esou ass dëse Kärel fréi an d’Beruffsliewen erageklommen an huet seng éischt moudesch Erfarung an enger Wiewerei gesammelt.

Nom kuerze Militärdéngscht konnt den Hugo 1905 eng fest Plaz zu Konstanz kréien. Nodeems de Krich dunn zu Enn gaangen ass, hie sech mam Anna Katharina Freysinger bestuet huet a si hiert Meedche Gertrud op d’Welt gesat hunn, huet de Familljepapp an der Heemescht säin eegene Betrib, d’Schneiderei Hugo Boss opgemaach.

Brong Hiermer

An enger éischter Phas sinn hei Hiemer produzéiert ginn, uschléissend awer och Beruffs- a Schaffkleedung, wouduerch de jonken Entrepreneur besonnesch opgefall ass. Succès ass bekanntlech mat Verkaf an erhéichtem Akommes verbonnen, wouduerch d’Firma 20 nei Mataarbechter astelle konnt.

An trotz wirtschaftlecher Depressioun konnt d’Schneiderei iwwerliewen. Et sollt och genau dës Zäit sinn, wou de Kafmann Eugen Holy am Boss säi Liewen trëtt, eng féierend Positioun am Betrib iwwerhëlt an dem Chef säi Meedche bestiid.

Mam Wuesstem an Erfolleg vun der NSDAP sinn schliisslech och riseg Opträg u Land gezu ginn, bei deenen d’Firma brong Hiemer hierstelle sollt. D’Entreprise selwer gëtt un,datt de Grënner vun der Schneider net gewosst hätt, datt déi fir d’NSDAP geduecht waren. Trotzdeem huet hie Mëtt vun den 30er Joer seng Publicitéite mat „Parteiausrüster bereits seit 1924“ ervir gehuewen.

Uschléissend gëtt d’Kuerzfaassung vun der Firmen-Etüd un, datt den Hugo F. Boss zur Zäit vun der Weltwirtschaftskris Opträg fir Parteinuniformen fir de rietse Regimm ugeholl hat. D’Nationalsozialisten hätten him nämlech versprach, eppes géint déi steigend Aarbechtslosegkeet ze ënnerhuelen. Ouni Member an der Partei ze sinn, hätt de Boss – eegenen Aussoen no – seng Entreprise net rette kënnen.

Iwwert d’Iwwerliewen op d’Opstriewen

Mam Enn vum Zweete Weltkrich sinn och déi grouss Opträg, a soumat den effektive Wuesstem vun der Entreprise ëmmer manner ginn. Och wann ee weiderhin nach Aarbechts- Sport- a Reenbekleedung hiergestallt huet, esou huet ee misse Personal reduzéieren.

Aus gesondheetleche Grënn huet den Hugo F. Boss ab dem 1. Oktober 1945 just nach als stellvertriedende Gerant agéiert. Säi Jong, de Siegfried a säin Eedem, den Holy hunn ab 1948 zesummen d’Firma Hugo Boss geleet. Just kuerz drop, um 9. August 1948, ass den Grënner vun der elo weltwäit bekannter Kleedermark gestuerwen.

Trotz engem Ëmsaz vun 3,5 Milliounen DM ass d’Firma um Enn vun de 60er Joer bal Faillite gaangen. Am leschten Ablack war et dunn d’Boss-Enkelen Uwe an Jochen Holy, déi sech dozou entscheet hunn, datt ee sech exklusiv op Konfektiounskleedung konzentréiert.

Mat dësem intelligente Schrëtt an der Grënnung vun der HUGO BOSS AG konnt ee sech schliisslech aus dem Misär zéien. Déi däitsch Industrie bedeelegt sech iwwregens och nach ëmmer un internationale Fongen zur Entschiedegung vun ehemoolegen Zwangsaarbechter vun deenen d’Schneiderei der am Ganzen 140 Stéck hat.

Dernières nouvelles