Covid-19: Impfung fir Kanner vu 5 bis 11 Joer

No der Pressekonferenz, déi gëschter stattfonnt huet, ass entschloss ginn, datt och Kanner ab 5 Joer sech impfe solle loossen. Dëst sollee bessere Schutz garantéieren géint d’Omikron-Variant, déi zimmlech ustiechend ass.

Vum 23. Dezember un kënnen d’Kanner sech fräiwëlleg an engem vun den 3 Impfzentren (Victor Hugo, Esch-Belval an Ettelbréck) impfe loossen. Ee Responsabele muss d’Kand begleeden. D’Kanner kënne sech allerdéngs net a sougenannte Pop-Up-Zentren impfe loossen.

Gesprëtzt kréie si de Comirnaty-Impfstoff Pfizer a BioNTech. Allerdéngs ass d’Dosis vill méi geréng – ongeféier een Drëttel.

De Rendezvous kann iwwert d’Säit impfen.lu gemaach ginn. Dofir gëtt d’Matricule vum Kand benéidegt. Och ënnerschiddlech Kannerdoktere kënnen d’Impfung duerchféieren. Dës Lëscht ass och op där Säit ze fannen.

Dernières nouvelles