Interessante Covid19-Konsens

Nodeems et jo vu (bal) der ganzer Chamber gefuerdert ginn ass, et wuel och eng grouss Majoritéit vun de Bierger wëllen, wäert de Regierungsrot um haitege Freideg, déi generaliséiert „zousätzlech“ Impfdosis recommandéieren. D‘Recommandatioun sollt hei allerdéngs schonn als Opfuerderung verstane ginn.

Fir dëser Recommandatioun Nodrock ze verléinen huet d‘Regierung d‘Experte genéidegt de leit nach emol déi grouss an eigentlech allen ersiichtlech, Virdeeler vum Vaccin erklären. An esou gouf nach emol déi medezinesch a wëssenschaftlech Expertise beméit, fir ze ënnersträichen, datt laut de virleiende Statistiken, bei 0,23% vun de Geimpften, Niewewierkungen opgetruede sinn. Dat geet jo duer fir festzehalen, datt eigentlech den Notze vun der Impfung, iwwert de méigleche Folge steet.

Op Facebook hat et jo nees eng interaktiv Froestonn, an den Direkter vun der Santé, Dr Jean-Claude Schmit huet duerchblécke gelooss, datt een zäitno d‘Altersgrenz fir déi zousätzlech Impfung wäert erofsetzen. Fir wat net direkt? Et schéngt ee Prioritéite setzen ze wëllen. An esou wei et erkläert gëtt, hëlt d‘Immunitéit mat zouhuelendem Alter rapid of. Dat géif elo bedeiten, dat et net de Vaccin ass, deen no sechs Méint seng Wierkung verléiert. Trotzdeem soll nach emol jiddereen drukommen.

Den Drock klëmmt also mat den Disponibilitéiten… D‘Fro, ob mir d‘Testkandidate vun der Pharmaindustrie sinn, huet den Dr. Jean-Claude Schmit mat engem däitlechen Nee beäntwert. Hie notéiert datt, datt nach ni een Impfstoff esou extensiv analyséiert, studéiert a getest ginn ass. Haut si Milliarde Mënsche geimpft an d‘Niewewierkunge sinn däraart minim, datt et erwisen ass, et hëlleft an zwar richteg gutt. Weise mir nach drop hin, datt jo och nach u weidere „Mëttel“ geschafft gëtt.

Esou den Novavax-Impfstoff an/oder d‘Pëll Paxlovid vu Pfizer. De Vaccin vun Novavax wier elo net méi effikass, wéi dat wat et schonn hätt, also zougelooss wier, an hie géif sech just géintiwwer den mRNA-Impfstoffer duerch enthale Proteinnen ënnerscheeden, déi d‘Immunitéit mat sech bréngen. Et gëtt och nach emol insistéiert, datt mRNA-Vaccinnen keen aktive Virus enthalen an nëmmen déi genetesch Informatioune weiderginn, mat deenen de Kierper d‘Immunitéit hierstellt.

Woubäi dat mat der Immunitéit net ganz richteg ass – jo et muss een et einfach halen, et war een op Facebook ënnerwee – well „immun“ gëtt jo esou verstanen, wéi wann ee sech de Virus net méi kéint oprafen. Mir wëssen: dat ass net de Fall. Eenzeg de Krankheetsverlaf ass méi liicht. Wat eis Krapperte betrëfft, esou sot den Dr Thomas Dentzer, datt wann all déi erwuessen sech géifen impfe loossen, kéint ee wuel op d‘Impfe vun de Kanner verzichten. Eng salomonesch Äntwert…

Dernières nouvelles