T’ass internationalen Dag vun de Mieresschildkröten

Schonn zur Zäit vun den Dinosaurier waren Deckelsmouken a Mieresschildkröten op eisem Planéit present. An deene Millioune Joren, déi zanterhier vergaange sinn, hu si sech just wéineg verännert. Dofir huet awer d‘Welt ronderëm si uerg changéiert, an dat net zum Positiven hin.

Dësen Aktiounsdag steet ganz am Zeeche vum Schutz vun de Mieresschildkröten. Vun de gutt 220 bekannten Aarten un Deckelsmouken liewen der 7 am Mier. Mam Akraafttriede vun der sougenannter Convention on International Trade in Endangered Species of Wild Fauna and Flora am Joer 1975 ziele si zu de bedreeten Aarten.

Grond dofir sinn ënnert anerem d‘Verknaschtung vun hirem Liewensraum (Plastiksoffäll oder och Ueleg am a ronderëm d‘Mier), den illegalen Handel vun den Déieren an hiren Eeër, sou wéi de Manktem u gëeegente Plazen fir Eeër ofzeleeën.

Dobäi sinn d‘Mieresschildkröten en essentiell Puzzelstéck an der Biodiversitéit an droen zum Wuelergoe vun eise Mierer a senge Bewunner bäi. Et si beispillsweis d‘Liederschildkröten, déi d’Populatioun u Jelliskäpp a Schwämm kontrolléieren. Gréng Mieresschildkröten erniere sech vu Séigras an droen domat dozou bäi, e gesonde Wuesstem vun dëse Planzen ze fërderen. Gläichzäiteg gëtt esou ville Fësch den ideale Raum fir Eeër ze leeën gebueden.

Internationalen Dag vun de Mieresschldkröten
© Josue Soto / Unsplash

Ee Mann dierf do net vergiess ginn!

Schwätzt ee vum internationalen Dag vun de Mieresschildkröten, esou kennt een net laanscht den Dr. Archie Fairly Carr. Ma, wéi et sech verschidde Lieser et vläicht schonn denke kennen, ass de 16. Juni de Gebuertsdag vum US-amerikaneschen Zoolog an Naturschützer. Seng déifgrënneg Recherchen zu de Mieresschildkröten hunn d‘Reptilien ervirgehuewen an hie selwer zum Spezialist fir des Aarten gemaach.

Ma, den Aktiounsdag geet op eng Initiativ vun der Sea Turtle Conservancy (STC) a Florida zeréck. Matbegrënner vun der Organisatioun ass natierlech den Dr. Archie Carr.

Wéi kann een hëllefen?

Wien um Strand wunnt, respektiv do Vakanz mécht, sollt owes beim Mier d‘Luuchten ausmaachen, sou datt déi frësch geschlüpften Deckelsmouken de Wee an d‘Waasser fannen.

Eng weider Initiative ass d‘Oprafe vun Offall um Strand. All Aart vun Déier ka sech am Offall verfänken a qualvoll stierwen. Besonnesch Mieresschildkröten verwiessele schnell emol eng Plastikstut am Waasser mat engem Jelliskapp.

Dernières nouvelles