258 Millioune Kanner a Jugendlecher hu keen Zougrëff op Bildung

„Bildung ass déi mächtegst Waff, déi s de verwende kanns fir d'Welt ze veränneren“ - Nelson Mandela

Um haitegen Weltdag vun der Bildung gëtt déi wichteg Roll vun der Wëssensvermëttlung ervirgehuewen. Dobäi kann d’Bildung net nëmmen de Wee eraus aus der Aarmut, hin zur Chancëgläichheet an Inclusioun bidden, mee och d’Zukunft nohalteg beaflossen.

Den 3. Dezember 2018 ass dësen Aktiounsdag bei der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen an d’Liewe geruff ginn. D’UN an d’UNESCO weisen drop hin, datt ëm 617 Millioune Kanner a Jugendlecher weltwäit weder liesen a schreiwen, nach einfachst Rechenübunge léise kënnen. Dobäi kommen 258 Millioune Jonker, déi guer keen Zougrëff op Bildung gebuede kréien.

Dobäi handelt et sech eigentlech ëm e Mënscherecht: „Jiddereen huet d’Recht op Bildung. D’Bildung ass gratis, op mannst am Grondschoulunterrecht an déi grondleeënd Bildung“, heescht et am Artikel 26 vun der universeller Mënscherechtserklärung. Dës weideren misst duerch d’Wëssensvermëttlung déi mënschlech Perséinlechkeet sech entfalen a stäerken dierfen.

Internationalen Dag vun der Bildung
© Freepik

Ma, an dësem Joer läit de Fokus besonnesch op den Erausfuerderunge vun der Zukunft, bei deenen d’Bildung e positive Beitrag leeschte kann. „Fir d’Welt ze transforméieren, muss d’Educatioun transforméiert ginn“, deelt d’UNESCO mat. Gemengt ass domat, d’Bildung als Schlësselelement ze notzen, fir géint Ongläichheeten an d’Zerstéierung vun eisem Planéit unzekämpfen.

Just duerch hëllefräich Iddien vu couragéierte Leit an eng tatsächlech Ëmsetzung vun effikasse Moossnamen kann d’Zukunft beaflosst ginn, an esou nees eng Balance tëscht Mënsch an Natur (an Technik) entstoen. Esou gehéiert d’Fërderung vun der Bildung och zu de Schrëtt, fir d’Ziler vun der Agenda 2030 fir nohalteg Entwécklung z’erreechen.

Annexe:

Dernières nouvelles