Eng Milliard Mënsche weltwäit liewe mat engem Handicap

Sief et eng geeschteg Behënnerung, déi oft duerch e Gendefekt verursaacht gëtt, oder eng ugebueren respektiv duerch en Accident oder Krankheet provozéiert kierperlech Behënnerung, nach ëmmer gi Persoune mat Handicap vun der Gesellschaft ausgeschloss. D’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) geet dovun aus, datt mam Bevëlkerungswuesstem och d’Zuel un handicapéierte Mënsche klamme wäert.

Zënter 1993 existéiert den Internationalen Dag vun handicapéierte Persounen a verfollegt d’Zil méi Bewosstsinn fir hir Besoinen ze schafen an ze sensibiliséieren. Ma, jee no Akommes, Gesondheetssystem an Accès op Bildung erliewe Mënsche mat Behënnerung Nodeeler oder gi komplett ignoréiert. A grad wärend der Pandemie sinn dës Ongläichheete geklommen.

Ma, ganz oft gi Persoune mat Handicap an een Dëppe gehäit a mat Virurteeler konfrontéiert, sou wéi beispillsweis déi heiten:

  • Si brauchen ëmmer Hëllef: Neen, vill Mënsche mat Behënnerung féieren e selbststännegt Liewen an hu mat der Zäit hir Methode fonnt, fir den Alldag ze meeschteren.
  • Handicapéiert Kanner mussen an eng separat Klass: Grad Kanner léieren am Einfachsten wat Inclusioun bedeit, wa si direkt domat konfrontéiert ginn. Doduerch verléieren si och d’Beréierungsängschte mam Thema Handicap. Dës weideren seet d’Behënnerung net zwéngend eppes iwwert d’Intelligenz an den Éiergäiz vun der betraffener Persoun aus;

Internationalen Dag vun handicapéierte Persounen
© Audi Nissen / unsplash

  • Inclusioun ass net mat eiser Leeschtungsgesellschaft ze vereenen: Hei komme Punkt 1 an 2 zesummen – et kann een net all Mënsch an en Tirang stiechen. D’Aart a Weis mateneen ze schaffen a mateneen ëmzegoen léiert een, respektiv weist sech vu vir eran, datt déi handicapéiert Persoun déi selwecht, wann net souguer nach besser Leeschtung bréngt.
  • Héich Käschte fir eng Minoritéit: Iwwert Barrièrefräiheet freeë sech net nëmme Mënschen mat spezifesche Besoinen, mee och Mammen a Pappe mat der Kannerkutsch, eeler Leit oder och Reesend mat onkamoudem schwéierem Gepäck. Et ass en Investment fir e Groussdeel vun der Bevëlkerung, an och an d’Zukunft.

A wéi ass d’Lag zu Lëtzebuerg?

Tëscht 80.000 an 90.000 Leit, also ëm 15 % vun eiser Bevëlkerung zu Lëtzebuerg liewe mat enger Behënnerung. Vun Informatiounszenteren, iwwer Strukturen an Aktivitéiten, hin zu Sensibiliséierungscampagnen wëll och de Groussherzogtum säin Deel zur Inclusioun bäidroen.

Am Kontext vum internationalen Aktiounsdag erënnert den Educatiounsministère drun, datt jiddereen d’Recht op Bildung muss hunn. Esou wieren zënter 2017 verschidde Moossnamen agesat oder och gefërdert ginn, fir d’Inclusioun ze fërderen. Heizou gehéiert datt ëm 700 nei Posten fir spezialiséiert Personal entstane sinn.

An der Grondschoul ënnerstëtze si beispillsweis d’Enseignanten an de Klassen, wou och Schüler mat besonnesche Bedierfnesser sinn. Dobäi kommen Ekippen zur Ënnerstëtzung, déi sech am Fondamental a Lycée ëm d’Schüler mat spezifesche Besoinen këmmeren. Duerch Formatioune sollen Enseignanten a Personal aus dem edukativen a psycho-sozialen Beräich hir Kompetenzen ausbauen.

Op nationalem Niveau ziele mir 8 Kompetenzzenteren, déi op Psychopedagogie spezialiséiert sinn sou wéi eng Agence, déi Schüler mat spezifesche Besoinen nieft den Offeren an der Schoul eng Prise en Charge ubitt.

Zu gudder Lescht gouf op d’Campagne „Gesäis de mech“ higewisen, déi am Oktober 2021 lancéiert gouf. Hei läit de Fokus op Aschränkungen an der Siicht.

Handicaps hunn zuelräich Gesiichter. Inclusioun gehéiert zu de Mënscherechter. Loosst eis keen zeréck loossen oder ze schnell verurteelen.


Nëtzlech Säiten:

Dernières nouvelles