Iranescht Neijoer am MNHA

Am Kader vum iraneschen Neijoer, wat den 20. oder 21. Mäerz gefeiert gëtt, luet den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht all Interesséierten, de Samschdeg, den 12. Mäerz op eng spannend Porte-Ouverte, ganz am Sënn vun Norouz statt.

An Zesummenaarbecht mat der iranescher Gemeinschaft vu Lëtzebuerg organiséiert den MNHA een spannenden a räichhaltegen Dag – mat engem Programm an Aktivitéite fir all Altersgrupp. Selbstverständlech gëtt et och eng kulinaresch a musikalesch Rees. Et stinn Workshoppen a Liesungen um Programm. Et ass ee gudden Dag nei Traditioune kennenzeléieren a wäertzeschätzen.

D’Entrée ass fräi, hei fannt dir de ganze Programm.

Dernières nouvelles