Iwwerfall zu Rodange an Déifferdeng

Um 30. November huet vermuttlech een de selwechten Täter zwee bewaffent Iwwerfäll, eng Kéier zu Rodange (géint 11 Auer) an zu Déifferdeng (18 Auer), op sech geholl. A béide Fäll huet de Brigang seng Affer mat enger Pistoul bedreet an sech den Inhalt vun der Kees aushännege gelooss.

Am Liewensmëttelgeschäft zu Rodange huet den Täter d‘Fra an der Kees just bedreet, wärend hien zu Déifferdeng am Zeitungsbuttek (Ave. de la Liberté), dem Mataarbechter vun hannen als éischt emol op de Kapp geschloen huet, iert et dëse mat virgehalener Waff ëm de Goss gebueden huet. Hie soll sech a Richtung Park Gerlach verfuusst hunn. Eng Täterbeschreiwung huet et zur Persoun:

  • Männlech, schlank Statur
  • Persoun vun donkeler Hautfaarf
  • Gréisst: 1,80/1,85 Meter grouss
  • Bekleedung: schwaarz Kapuzejackett an däischter Box
  • De Mann huet franséisch geschwat

Fir dëser Persoun habhaft ze ginn, wieren Hiweiser aus der Bevëlkerung eng grouss Hëllef. Wien zu de genannten Zäiten, op där enger oder anere Plaz eppes Opfälleges bemierkt huet oder soss Informatioune ka bäisteieren, fir de Brigang ze ermëttelen a festzehuelen, soll sech w.e.g. mat der Police zu Esch-Uelzecht (Kommissariat Esch Centre) ënnert dem Telefon 244 560 100 oder per eMail un Police.ESCH@police.etat.lu a Verbindung setzen.

Dernières nouvelles