Si hunn sech iwwert d‘Ukrain ënnerhalen

An enger Visiokonferenz hunn sinn sech de Joe Biden an de Vladimir Putin net méi no komm: de Cowboy huet mat Sanktioune gedreet, den Zar huet virun der NATO-Osterweiderung gewarnt

„Si hunn sech zwou Stonne laang ënnerhalen“, an domadder wier schonn alles gesot… Erauskomm ass bei dëser „Entrevue“ alles wat längst um Dësch geleeën huet. Sollt Russland sech un der Ukrain, engem strategesch wichtege Partner vun den USA, der NATO an och der Europäescher Unioun hei vergräifen, datt kënnt et zu massive Wirtschaftssanktiounen an zur Oprëschtung vun der Ukrain.

Dat huet dem Joe Biden säin nationale Sécherheetsberoder Jake Sullivan, esou bestätegt an nach bäigedroen, datt och d‘NATO-Partner un der Grenz zur Ukrain a Russland, géife militäresch esou verstäerkt ginn, datt och eng handfest Äntwert op eng russesch Aggressioun géint d‘Ukrain sollt méiglech sinn. Washington ass och bereet, weider US-Zaldoten an „Ost-Europa“ ze stationéieren.

Vum russesche President koum dogéint just d‘Opfuerderung mat Osterweiderung vun der NATO elo rou ze ginn. D‘USA stationéieren iwwert den Ëmwee „NATO“ Ugrëffswaffen – besonnesch d‘Polen hunn hei grouss Kooperatiounsbereetschaft demonstréiert – laanscht déi russesch Grenz. Ouni verbindlech Zousoen, datt dat ophält, wieren dës hallefhäerzeg Entrevuen net zilféierend.

Hei huet de Joe Biden gekontert, an dem Vladimir Putin verständlech gemaach, datt d‘USA derzou stinn, datt Länner selwer sollen decidéieren dierfe mat wiem se wëlle kooperéieren (esou laang dës Kooperatioun mat den USA stattfënnt). Datt et de Russen net ka geleeë kommen, datt sech d‘NATO laangfristeg d‘Ukrain a Georgien, jo esouguer Wäissrussland averleift, sollt awer och gesot ginn.

Et bleift een am Gespréich

Aus dem Kreml gouf et no der Visiokonferenz eng méi nuancéiert Conclusioun. Aus Moskau den einfache Statement: „Den Dialog war oppen a sachlech, et war en nëtzlecht Gespréich an den US-President hat d‘Geleeënheet seng Positioun an aller Däitlechkeet duerzeleeën. Mir wëlle weider am Gespréich bleiwen“. Iwwersat heescht dat: De Vladimir Putin huet hei zwou Stonne verplempert.

Béid Länner hu jo zanter eppes méi laang sougenannt „ageschränkten diplomatesch Bezéiungen“, an ee Rapprochement, ouni datt dës Barrière verschwannen, ass ondenkbar. Wat de Risiko vun enger russescher „Erstiermung“ vun der pro-amerikanescher Ukrain betrëfft, esou bleift et bei den amerikanesche Beschëllegungen, fir déi et allerdéngs, Beweiser sollt hunn. Wéini leien déi vir?

Komplizéiert ze soen, laut dem Jake Sullivan, hunn déi amerikanesch Geheimdéngschter bis ewell just festgestallt, dat d‘Russen nach keng weider Decisioune betreffend den Ëmgang mat der Ukrain solle geholl hunn. An awer sinn dem Joe Biden seng Beroder, d‘Geheimdéngschter an d‘Arméi, jo esouguer de Militärkomplex vun enger imminenter Invasioun iwwerzeegt. An hir Partner esou?

No der Entrevue mam Zar, huet de Cowboy sech mat sengen europäesche Partner ënnerhalen. Et solle Gespréicher mam Angela Merkel (geschäftsféierend Bundeskanzlerin), dem Emmanuel Macron (President vun de Räichen), dem Mario Draghi (Lobbyist vun der US-Héichfinanz an temporär Regierungschef vun Italien) an dem Boris „King of World“ Johnson stattfonnt hunn.

En Donneschdeg ass eng weider Visiokonferenz virgesinn, dann awer mam ukrainesche Komiker a President, Wolodymyr Selenski. Den US-Ausseminister Anthony Blinken, hat mat dësem scho virun der Visiokonferenz tëscht Biden a Putin telefonéiert, an dësem nach emol déi inkonditionell Hëllef an de Bäistand vum amerikanesche Vollek an der Arméi verséchert. Et bleift interessant…

mat indymedia/was/mow

Dernières nouvelles