D’Jane Austen, eng couragéiert Fra

Déi britesch Autorin Jane Austen ass den 16. Dezember 1775 am engleschen New Hampshire op d’Welt komm.

Mat enger Schwëster a sechs Bridder ass et der Artistin bestëmmt ni langweileg ginn. De Papp, dee Paschtouer war, war passionéiert vun der Literatur an huet dem klenge Jane erlaabt seng Bibliothéik ze notzen.

Mat ongeféier 12 Joer huet d’Jane Austen ugefaange mat Schreiwen – fir d’éischt kleng Geschichten an Theaterstécker, déi fir d’Famill geduecht waren. De Papp war esou vusenger Dueschter sengem Talent iwwerzeegt, datt hien engem Verlag ee Manuskript geschéckt huet, wat allerdéngs ofgeleent ginn ass.

Dat ass awer net schlëmm, 16 Joer méi spéit ass de berüümte Roman a Klassiker „Stolz und Vorurteil“ verëffentlecht ginn. Speziell un der Autorin hire Bicher war zu dëser Zäit, d’Selbststännegkeet, déi esou munch Protagonistin hat. Si beweise Selbstbewosstsinn a kämpfen fir hiert d’Recht – a jo, och fir d’Léift.

D’Jane Austen huet Libesromaner esou kombinéiert, datt si gesellschaftskritesch goufen. Dobäi hat d’Autorin eng besonnesch Fäegkeet: Duerch d’Schreifweis huet si den Alldag an all Erliefnes fir de Lieser lieweg gemaach. Hie war praktesch dobäi. D’Protagonistinne sinn Heldinnen, jiddwereen op seng Manéier a sengem Charakter entspriechend.

An dat verdéngt Respekt. Zu där Zäit war et sécherlech net einfach ee Buch ënnert engem weiblechen Numm ze schreiwen. Wat nach bekannt iwwert dem Jane Austen seng Wierker ass, ass datt se ënnert dem Numm „by a lady“ verëffentlecht goufen. Mee d’Identitéit war een oppent Geheimnis.

Et ass eng Tatsaach, datt deemools vill männlech Pseudonymmen genotzt goufen, mee d’Jane Austen huet sech géint d’Männerwelt behaapt. A mécht et nach ëmmer!

Dernières nouvelles