Um Härebierg hu se d’Joresenn 2021 gefeiert

Nom Mäertesdag am November, wou d’Lëtzebuerger Arméi säi Schutzpatroun éiert, ass d’Feier zum Enn vum Joer dat lescht traditionellt Evenement, dat an der Kasär um Dikrecher Härebierg organiséiert gëtt. Net nëmmen e Réckbléck op d’Joer gouf gewot, och besonnesch Leeschtunge goufen ervirgehuewen.

Esou war et beispillsweis d’Dëschtennisspillerin Sarah De Nutte, dat 2021 eng phenomenal Karriär opweise kann. Esou konnt d’Athletin bei der Weltmeeschterschaft zu Houston, zesumme mam Ni Xia Lian, Bronze wannen. Bei de Feierlechkeete gëschter am Nomëtteg gouf d’Sportlerin mam Mérite Sportif ausgezeechent.

Joresenn bei der Arméi
(v.l.n.r.) Sarah de Nutte; Generol Steve Thull, Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi © Lëtzebuerger Arméi

Et war bal net anescht ze erwaarden, datt och den Dylan Pereira nees fir säin erfollegräicht Joer als passionéierten Automobilsportler opfält an dofir wärend der Feier geéiert gouf. Béid Zaldoten sinn iwwregens an der Sektioun vum Elitesport an der Arméi (SSEA).

(v.l.n.r.) Dylan Pereira; Generol Steve Thull, Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi © Lëtzebuerger Arméi

Ma, d’Enn vum Joer an déi wanterlech feierlech Stëmmung motivéieren oft dozou, eppes fir de gudden Zweck ze maachen. Mat engem Don vun 2.500 € sollt Luxembourg Transplant eng finanziell Ënnerstëtzung kréien. Domat sollt de Service fir seng Aarbecht an der Koordinatioun bei den Organspenden zu Lëtzebuerg geéiert ginn. Schliisslech kënnen duerch hir Leeschtunge Liewe gerett ginn.

An dësem Kader hunn de Vize-Premier a Verdeedegungsminister François Bausch, sou wéi de Generol Steve Thull, Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi, jidderengem schéi Feierdeeg gewënscht.

Dernières nouvelles