Kalifornien: Wann Zwillingen an ënnerschiddleche Joren op d’Welt kommen

Wann zweeeeëg Zwillingen u verschidden Deeg, Méint a Joren op d’Welt kommen, kann dat eigentlech just eent heeschen: Ee Bëbee gouf an der Silvesternuecht, den aneren op Neijoerschdag gebuer. D’Warscheinlechkeet, datt dat geschitt, läit laut dem Spidolspersonal bei eent zu zwou Milliounen.

Béid Kanner sinn am kaliforneschen Natividad Medical Center am Ofstand vu 15 Minutten op d’Welt komm an hunn hirer Mamm, dem Fatima Madrigal en nach vill méi besonnesche Kaddo gemaach.

Wann Zwillingen an ënnerschiddleche Joren op d'Welt kommen
Natividad Medical Center / Facebook

Eng aussergewéinlech Aart e Joer opzehalen an en Neit ze starten

De klengen Alfredo Antonio Trujillo huet u Silvester um 23:45 Auer d’Liicht vun der Welt erbléckt. Seng Schwësterchen, d’Aylin Yolanda Trujillo ass 15 Minutte méi spéit an domat quasi genee fir den Optakt vum Joer 2022 gebuer ginn.

Fir d’Mamm ass et verréckt, datt hir Bëbeeën zwee verschidde Gebuertsjoren hunn. Op der anerer Säit wier et awer och eng wonnerbar Iwwerraschung gewiescht, well hiert Meedchen den éischte Puppelche war, deen an dësem Spidol am neie Joer op d’Welt komm ass.

Dernières nouvelles