Och Kanner brauche Steiergerechtegkeet (Lieserbréif)

Wéi laang musse mir nach waarden bis de Lëtzebuerger Staat d’Kanner vun Elengerzéier/innen endlech gerecht behandelt an hinnen eng Chancëgläichheet gëtt vis-à-vis vu Kanner aus traditionelle Familljen mat 2 bestueten Elterendeeler?

Villäicht gehéiert Dir zu deene Leit, déi deen dote Saz paff mécht. Wéi, ‘ongerecht behandelt’? A wat sinn dann iwwerhaapt traditionell Familljen?

Zur Zäit leeft erëm eng wichteg Petitioun (Nr. 2107) déi fuerdert datt Schluss soll si mat der ‘steierlecher Diskriminéierung géint Elengerzéier’. Gewerkschaften a souguer Politiker, déi eng méi sozial gerecht Oder hunn, schwätzen och aus allen Ecken vun deem selwechte Problem. Ass dat alles nëmme waarm Loft? Nee, souguer de Statec huet am Oktober dëst Joer doriwwer beriicht a mat richtegen Zuelen den Aarmutsrisiko, deem d’Elengerzéier ausgesat sinn, beluecht. Villäicht ass jo wierklech eppes drun? 

An tatsächlech, wann een der Saach op de Fong geet, da fënnt ee raus datt de Staat eng traditionell Famill an eng méi gënschteg Steierklass setzt wéi eng Famill déi et wot ouni hellegt Sakrament oder een offizielle Sigel vun der Gemeng, zesummen ze liewen. Dat sinn am traditionsbewossten an ëmmer nach chrëschtlech gepräägte Marieland: onbestuete Koppelen, gescheeten Ex-Koppelen, a leider och bestuete Koppelen wou een Partner gestuerwen ass.

Natierlech huet dat och en Impakt op d’Kanner déi an monoparentalle Familljen opwuessen. Wann een zwee Elteren huet, déi bal duebel souvill Steiere musse bezuelen wéi hir bestuete Kolleegen, da geet et jo nach. Mee wann een als Kand just nach een Elterendeel huet dee sech ëm ee këmmert, da gesäit déi Saach anescht aus. Een Elterendeel ass gläich eng Pai – kräfteg ausgeschëppt vum Staat, dee grad do zougräift wou am meeschten Nout um Mann ass – an dësem Fall méi oft Nout un der Fra, well vill Elengerzéier Frae sinn. Schued datt eis Regierung et méi wäertvoll fënnt fir déi Suen an de Weltall ze schéissen oder op Dubai ze droen.

Kanner fanne jo vill Saachen ‘onfair’ – mee eng Regierung déi hir Eltere besteiert, ofhängeg dovun ob si bestuet sinn oder net, dat jäizt nu wierklech vun Ongerechtegkeet. Mee eis Regierung bleift äiskal, och beim neie Budget. Si kuckt scho jorelaang net nëmmen ewech, mee gaukelt hirem Vollek souguer fir datt si d’Konditiounen vun den Elengerzéier verbessert hätt. Et ass schuet datt net mol ee vun hinnen den Zuelen an d’A kuckt.

Ironescherweis ass eise Premier jo awer sou stolz op säin Asaz fir Kanner- a Fraerechter hei am Land. Denkt hien dobäi och un eis Elengerzéier, déi jo zum gréissten Deel Frae sinn? An un hir Kanner, déi sech jo bekanntlech hir Elteren net kënnen eräus sichen? Mee och eise Premier fillt sech net responsabel fir d’Steier(on)gerechtegkeet – hie selwer kënnt jo an de Genoss vun der ‘privilegéierter’ Steierklass.

Kee Kand soll manner Chancen am Liewen hunn, oder manner Rechter, wéi engt anert op héichwäertegt Iessen, adequate Wunnraum, Vakanzen, oder einfach nëmmen Zäit an der Famill – just well seng Elteren getrennt sinn. Well et versteet sech vum selwen datt Elengerzéier(innen) manner Zäit fir hir Kanner hunn; déi meescht vun hinnen übe jo ‘niewebäi’ och nach ganz eleng eng Vollzäitaarbecht aus. Doriwwer eraus sinn Elengerzéier oft finanziell méi vulnerabel, well si och Elengverdénger sinn.

Dësen Zäitmangel vun Elengerzéier(innen) erkläert och gréisstendeels firwat si sech net géint déi Ongerechtegkeete wiere kënnen, déi hinnen a hire Kanner widderfueren. Et erkläert firwat si net déi néideg Energie hunn fir sech op d’Been ze stellen, ze organiséieren, fir géint all déi Politiker unzekommen, déi einfach d’Aen virun der Realitéit zou maachen a behaapten et wier lo einfach net den néidege Budget oder déi néideg Zäit do fir och nëmme punktuell Steiererliichterunge fir Elengverdénger anzebauen. Sou schwéier kann et jo dach net sinn? Et kann ee jo einfach bei engem sozial méi gerechten Land ofkucken a copy-paste maachen?

Lieserbréif vum Chantal Schaul

Dernières nouvelles