Kanner eng Stëmm ginn

De 17. Mee ass internationale Childhelpline Day (CHI). Dëse setzt sech weltwäit dofir an, datt d’Stëmme vu Kanner a Jugendlecher net nëmme gehéiert, mee och respektéiert ginn.

Fir dëst och ëmzesetzen, sinn iwwerall op der Welt Kannertelefoner an d’Liewe geruff ginn. Op dësem Telefon kënnen d’Kanner, wann néideg iwwer Suergen an Ängschte schwätzen a schlëmmstefalls no Hëllef froen.

Zemools elo a Krichs- a Pandemiezäiten bitt d’Méiglechkeet do unzeruffen, eng gewësse Sécherheet. Eventuell Geforen kënnen eliminéiert ginn. Och de Kannerjugendtelefon vu Lëtzebuerg ass een Deel vun CHI.

Datt Déngschtleeschtunge vum Kanner-Jugendtelefon gebraucht ginn, weisen d’Zuelen déi elo verëffentlecht goufen. Am Joer 2021 hunn 1747 Persounen de KJT an Usproch geholl – dat sinn der 149 méi ewéi am leschte Joer. Dobäi war d’Intensitéit vun de Gespréicher grouss.

Och d’Online-Help huet sech gesteigert, 389 Persounen hunn no Berodung gesicht – a se hoffentlech och fonnt. Natierlech ass den Elterentelefon genee sou erfollegräich, hei hunn 175 Mammen, Pappen oder Grousselteren hier Froe gestallt a Suergen ausgedréckt.

All dës Zuele weisen, datt déi laang Coronakris, sech op d’Wuelbefanne vu ganze Familljen ausgewierkt huet. Déi mënschlech Psych ass enorm gefuerdert ginn. Dobäi erauskomm sinn Angscht, Trauregkeet, Depressiounen an Iwwerfuerderung.

Och am Beräich Mëssbrauch sinn d’Zuelen an d’Luucht geklommen – 91 Mënschen hunn no Rot gesicht. De KJT encouragéiert all Jonken, sech am Noutfall un si ze wenden an no Hëllef an Ënnerstëtzung ze froen.

De ganze Rapport vun 2021 kënnt Dir hei noliesen.

Dernières nouvelles