Karlsruhe: Hir stoung d’Ambulanz ze vill an de Féiss

Um spéide Méindeg Nomëtteg ass et enger Madamm zu Karlsruhe, am Staddeel Daxlanden wuel net schnell genuch gaangen. Eng Ambulanz, an där grad d’Sanitäter mat enger Noutfallversuergung beschäftegt waren, stoung hir am Wee. Kuerzerhand wollt si d’Rettungsgefier selwer réckelen.

Et war eng medezinesch Urgence an huet misse schnell goen, sou d’Marion Kaiser, Pressespriecherin vun der Karlsruher Police. D’Ambulanz ass dofir op der Martha-Kropp-Strooss stoe bliwwen, fir d’Patientin ze versuergen. A bemol huet d’Kabinn gewackelt…

Neen, et war keen Äerdbiewen, mee eng rose Fra déi nom Schlëssel vun der Ambulanz sichen an dës ëmparke wollt. Souwuel vun de Sanitäter wéi och vu Persounen, déi den Zirkus beobacht hunn, gouf si drop higewisen, datt et sech ëm een Noutfall handelt an een d’Leit dach wann ech gelift hir Aarbecht soll maache loossen.

Hir stoung d'Ambulanz ze vill an de Féiss
Polizei Karlsruhe / Twitter

Ma, d’Fra wollt sech nach dat nach ëmmer net gefale loossen, ass ëmsou méi rose ginn an hätt um Wee zeréck bei hiren Auto net u Beleidegunge gespuert. D’Resultat fir si ass eng Plainte wéinst „unterlassener Hilfeleistung“. Schliisslech huet si den Asaz behënnert. Hir dreeën domat eng Geldstrof, jee nodeem souguer e puer Joer am Bing.

Dernières nouvelles