Keng Impfflicht fir Lëtzebuerg, awer eng drëtt Dosis…

Et ass ewell déi ganz Woch drop higeschafft ginn, gëschter nom Regierungsrot hunn dann de Premierminister Xavier Bettel an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert annoncéiert, datt d‘Booster-Impfung elo fir alles iwwer 18 Joer „recommandéiert“ ass.

Dat aktuellt Covid19-Gesetz leeft jo nach bis den 18. Dezember, firwat keng weider Mesure vu Regierungssäit den Ament gëtt. Déi wäerten, d‘Erfarung weist et jo, awer net ausbleiwen. An et weess jo elo jiddereen, datt d‘Impfung net nëmmen (temporär) ganz effikass ass, mee wierklech zwéngend noutwenneg ass. Zwar ass nach ëmmer vun Impftaux rieds, an awer, et schéngt ganz offensichtlech net méi ëm Prozenter ze goen, mee nach just drëms jiddereen also 100% ze impfen.

Fir d‘Gesondheetsministesch gëllt als erwisen, datt déi Ongeimpften eng Gefor sich an anerer sinn, firwat si nach emol jidderengem derzou réit, sech der Recommandatioun vun der Santé an der Regierung unzehuelen. Wien sech net impfe léist, ass net solidaresch, woubäi nach ëmmer vum Impfschutz rieds ass, obwuel kloer erwisen ass, datt et kee Schutz géint eng Infektioun u sech ass.

Elo ass et och richteg, datt mir eis géintiwwer dem europäeschen Ausland nach gutt halen. Mir hunn nach keng exponentiell Zuelen ze vermellen. Wann deem esou soll bleiwen, da muss et eng drëtt Dosis ginn (déi zweet mat engem mRNA-Impfstoff fir d‘Janssen Clienten). Et huet een also, trotz feelender Impfflicht weder de fräie Choix nach en Usproch drop seng eege Fräiheet iwwert déi vun aneren ze stellen. Elo appelléiert d‘Ministesch Paulette Lenert awer un de Verstand vun de Bierger.

An esou mécht ee sech op a Richtung Marketingstrategie: ab dem 6. Dezember – also zur Zäit wou d‘Leit d‘Chrëschtkaddoen akafen – leeft déi grouss Operatioun „Grab the Jab“ hei zu Lëtzebuerg un. Am Supermarché, den Akafszenter a jo esouguer an der Groussgaass an der Stad kann ee sech dann impfe loossen. Et soll och ee Gesetz ginn, dat et den Apdikten erlaabt d‘Leit ze picken…

Dernières nouvelles