Keng Loscht op Chrëschtdag a Besënnlechkeet (Carte Blanche)

D’Feierdeeg zum Enn vum Joer haten ëmmer eng gewësse Magie. Besonnesch déi vill faarweg Luuchten, wanterlech Dekoratioun a virun allem d’Kaddoen ënnert dem Chrëschtbeemchen hunn als Kand fir eng immens Virfreed a Begeeschterung gesuergt. Elo ass awer iergendwéi de Wuerm dran …

Läit et un der Pandemie, dem Alter oder dach der Kombinatioun aus béidem? No bal 2 Joer, un deenen et quasi konstant ëm de Coronavirus, Kontaktbeschränkungen an nei sanitär Moossname geet, verléiert een den Iwwerbléck a gläichzäiteg d’Freed dorun eppes z’ënnerhuelen.

No „denk un deng Mask“ koum den „vergiess däin Impfzertifikat net“, ab haut ass et dann nees den „bleif léiwer doheem“. Gouf ee soss op den zuelräiche Chrëschtmäert uechtert d’Land a wanterlech feierlech Stëmmung versat, esou kann een dëst Joer frou sinn, datt iwwerhaapt esou Evenementer mat Restriktioune stattfannen.

Ma, dobäi kënnt, datt mir all méi al ginn, eis Usiichte sech änneren an d’Besoinen ofhuelen. D’Geschicht vum Jesus an der Krëppchen an der „grousser hellger Nuecht“ zitt net méi. An d’Kierch geet een, wann iwwerhaapt, well een dat einfach sou mécht an et schonn ëmmer esou war.

De Krees u Leit, mat deenen een un de Feierdeeg gären zesummen ass, gëtt ëmmer méi kleng – wat net onbedéngt eppes Schlechtes bedeit. Op familiär Streidereien an onangeneem Gespréicher huet een iergendwann einfach keng Loscht méi, den een oder aneren verreest an/oder huet keng Zäit fir Famill a Frënn a schliisslech bleift e klengen, dofir awer vläicht ëmsou méi sympatheschen Deel u Mënschen iwwereg.

Zerwéiert gëtt e leckere Menü aus e puer Gäng, selwer gemaach oder bestallt, respektiv déi typesch Kéisfondue oder Raclette. Wärend d’Persoun an der Kichen gestresst ass, leeft ee scho kuerz nom Iessen iwwer u Kéis, an um zweete Chrëschtdag wier een och mat enger Schmier oder Zopp zefridden. Sech virzehuelen manner z’iessen, ass do e gudde Virsaz. Ob een et anhält, awer déi aner Saach.

D’Gespréicher verdéiwe sech am Laf vum Dag, de Mo ass voll, den een oder anere Gaascht och. An da wieren do nach d’Kaddoen. Als Kand waren d’Wënsch, wat ee gären alles u Spillsaachen hätt, nach riseg grouss. Als Erwuessenen changéiert dat an et gesäit een, datt Saache wéi Zäit a Gesondheet méi wichteg sinn wéi alles Materielles. A souwisou ass d’Freed vun den aneren, iergendwann och déi eege Freed.

Et fillt ee sech genéidegt, fir jiddereen ee klengt oder grousst Present matzebréngen. Huet een do net direkt déi passend Iddi, kann den Tour duerch d’Butteker schnell zum stressegen Erliefnis ginn.

Schliisslech sinn d’Feierdeeg eriwwer. De Stress hëlt of, déi lescht Kichelcher, Schockelaskleesercher a Reschter vun de Feierdeeg gi verschafft. Ee Joer geet zu Enn, en anert fänkt un. A bemol kënnt nees d’Fro „Wat mëss du u Chrëschtdag?“.

Dernières nouvelles