Keng US-Diplomate bei den olympesche Wanterspiller

Well China d‘Mënscherechter net respektéiert, organiséiert Washington den diplomatesche Boykott

Sport wier näischt Politesches gëtt gäre behaapt, firwat „Sportler“ och keng politesch Message an Aussoe maache sollten. Dat zumindest well esou den IOC, deen zur Stonn vum däitschen Thomas Bach geleet gëtt. Elo ginn déi olympesch Wanterspiller anescht politiséiert…

D‘Spriecherin vum wäissen Haus, Jen Psaki, huet um Méindeg erkläert, datt de President Joe Biden weder diplomatesch nach offiziell Representanten zu de Wanterspiller op Peking wäert schécken. E géif deen unhalende Genozid un den Uiguren an der Provënz Xinjiang an aner Verstéiss géint nach gültege Mënscherechter net méi toleréieren. De Grond läit awer de facto ganz anzwousch anescht.

Wier de Cowboy seriéis bereet dem Panda säi Bambus ze briechen, sollten och keng amerikanesch Athleten un de Spiller deelhuelen. Déi awer, esou d‘Jen Psaki, hätten immens vill trainéiert an sollte vläicht net „bestrooft“ ginn, well sech Regierunge grad eppes selwer an de Féiss stinn. Et géing hei och net ëm de Sport u sech, Sënn an Zweck vun dëser Entscheedung, wier déi „kloer Botschaft“.

Confirméiert gëtt säitens dem Jen Psaki och, datt ee sech mat sengen internationale Frënn, Partner a wirtschaftspolitesch ofhängege Kniecht iwwert dëse Schratt ofgeschwat huet. Déi dierften awer hir eegen Entscheedung treffen. Dat erënnert un den „dir hutt de Choix“ beim Covid19-Vaccin. An et huet scho gewierkt, Neiséiland huet sech schonn ugeschloss, huet dat awer pandemesch begrënnt.

Olympia… ee Milliardegeschäft

Elo geet et bei Olympia jo offiziell ni ëm Politik, well ee Sport net politiséieren dierft. Dofir geet et bei de Spiller mat de fënnef Réng ëm Goss, masseg Goss. Interessanterweis, dominéieren d‘Partner (offiziell als Sponsore verkläert) aus den USA, wéi beispillsweis Coca-Cola. D‘US-Konzerner, déi a punkto Mënscherechter éischter mat de Kommunisten op Aenhéicht sinn, dierfen also matspillen…

Ausgedroe ginn dës Spiller tëscht dem 4. an dem 20. Februar, an de wierklechen Dissens tëscht den USA a China berout net op den Uiguren oder der repressiver Politik, déi géintiwwer de soi-disant autonome Regiounen Hong Kong, Tibet oder déi schonn ugeschwate Provënz Xinjiang ausgeüübt gëtt. Et geet ëm Handel, Uspréch am Weltraum, an d‘Expansioun am Kontext vun der Seidestrooss.

Wanterspiller

Och d‘Kausa „Peng Shuai“ – déi Tennisspillerin, déi een héije kommunistesche Fonctionnaire mat Virwërf iwwerheeft hat, du spuerlos verschwonne war, no eppes „Opreegung“ vun den Autoritéite virun eng Kamera geneelt gouf, a du mam Thomas Bach eppes „small-talk“ per Visiokonferenz hat, esou datt dësen der Welt konnt, wéi gewënscht, matdeelen, datt et der Athletin un näischt feele géif.

Flott ass et, datt et keen interesséiert

Nieft den Neiséilänner beroden och d‘Britten iwwert de politesche Boykott. Groussbritannien, dat säi Kapp zanter senger nei erlaangter Fräiheet nach eppes méi déif am Rektum vum US-Partner stiechen huet, wëll, wann iwwerhaapt, just den Ambassadeur zu de Spiller schécken. Brittesche Minister soll dat verwiert bleiwen. D‘Ausseministesch Liz Truss, ënnerstëtzt de Boykott oppen.

Wanterspiller

A China huet et déi politesch Féierung net gären, wann alles drop ausgeluecht de gudde Ruff vum Land an Fro ze stellen. Asiaten haassen näischt méi wéi Gesiichtsverloscht, an natierlech huet den amerikanesche Boykott eng Reaktioun ervirgeruff. De Spriecher vum Ausseministère huet hei mat Géigemoossname gedreet, huet hei awer keng konkret Aussoe leie gelooss. Moyene géif et awer.

Bleift nach drop hinzeweisen, datt net nëmmen den IOC mat Diktaturen, Autokraten a Mäerder an d‘Bett geet, fir vun alle finanziellen Avantagen a weidere Privileegien ze profitéieren. Dat gëllt hei gläichermoosse fir all d‘Verbänn, déi technesch betruecht Sport-Konzerner sinn. FIFA a Formel-1 bedreiwen dës Politik permanent an net nëmmen all zwee Joer. An et geet wierklecht just ëm Fric.

mat indymedia/was/nyc

Dernières nouvelles