Kinga Rose mat „How Else“

Mat „How Else“ bréngt d’Musekerin Kinga Rose e Lidd eraus, dat net nëmmen e weidere Virgeschmaach op den neien Album „Vision“ bitt, mee och Loscht op Fréijoer mécht. Hir Stëmm a Kombinatioun mat enger frëscher Melodie, Bléiser an energeschem Beat am Hannergrond, verbreeden ab dem éischten Ament richteg gutt Laun!

No den zwee Wierker „If I Can’t Breathe“ an „Weeping Willow“ ass dëst déi drëtt a lescht Single, déi virum Album, deen iwwregens de 25. Februar erauskënnt, verëffentlecht ginn ass. Hir Formatiounen an de Beräicher vun der Klassik an dem Jazz si spierbar a gi vereent mat Elementer aus dem Pop.

D’Kinga Rose ass eng Musekerin mat ungaresche Wuerzelen, déi an de leschte Joren zu Lëtzebuerg virun allem duerch hir Live-Performancen um Radio grousse Succès erlieft huet. No hirer Formatioun als Sängerin a Pianistin am klassesche Beräich huet si Jazz-Gesang am Conservatoire Etud an Ungarn studéiert. Aktuell ass si am Stater Conservatoire fir sech am Jazz-Piano virunzebilden.

Am Joer 2020 ass d’Kinga Rose der Asbl Grund Club bäigetrueden a gehéiert domat zum kreative Kollektiv un de beschte Lëtzebuerger Museker, Interpreten an Auteuren. Dobäi huet si ënnert anerem scho mam Lata Gouveia, Ernie Hammes, a Pol Belardi zesummegeschafft.

Kinga Rose
© Kinga Rose

Elo ass et un Iech: Loosst Iech déi dräi musikalesch Pärelen op der Zong zergoen. Domat klëmmt d’Virfreed op den neien Album ëmsou méi!

Dernières nouvelles