Klaus – Déi bëssen aner Chrëschtdagsgeschicht

Den Jasper ass e richtegen Näischnotz, deen d’Postakademie net eescht hëlt a mengt, datt him alles an de Schouss fält. Säi Papp huet es genuch a gëtt dem Bouf nach eng lescht Chance säi Liewen ze änneren.

Am héijen Norden op der komescher Insel Zwietrachting huet nach kee Bréifdréier et laang ausgehalen. T’ass net nëmmen däischter a kal, all Freed gëtt engem geholl duerch de Krich tëscht zwee Clanen. Dobäi wëssen dës emol selwer net méi, wisou si sech bekrichen. Et hält een einfach un der laanger Traditioun fest.

Op der Insel huet kee sech eppes ze soen, esou existéiert och kee Bréifverkéier. Op der Sich no Bréiwer léiert den Jasper schliisslech de Klaus kennen, dee ganz eleng a sengem Eck vun Zwietrachting wunnt, an en immenst handwierklecht Talent huet.

Déi Zwee fannen op droleg Aart a Weis beieneen a fänken un de Mythos vum Kleeschen opliewen ze loossen. Gläichzäiteg kënnt d’Freed an d’Harmonie zeréck – en typesche Familljefilm eben …

Mat „Klaus“ (2019) huet de Sergio Pablos en eenzegaarteg Wierk verëffentlecht, dat duerch seng speziell Opmaachung a visuell Ästhetik iwwerzeegt. Wat een de Film méi oft kuckt, wat engem ëmmer méi speziell Detailer opfalen. An awer ass een all Kéier hin an hir gerappt tëscht Laachen, Staunen a Kapprëselen. Zum Schluss kann och emol déi eng oder aner Tréin vergoss ginn.

Et ass einfach emol en anere Chrëschtdagsfilm. Erzielt gëtt och eng aner Versioun dovun, wéi de Kleeschen zum Liewen erwächt gouf an hien d’Kannerhäerzen eruewert huet. Och verschidden Aspekter, wéi beispillsweis wéi d’Rendéieren un de Schlitt komm sinn, si duerch d’Nuecht fléien a Kaddoe verdeelen ginn erkläert.

Dernières nouvelles