Kleng, awer sécher um Vëlo!

Kanner wuessen esou séier. Si léieren stänneg dobäi an hire Wëssensdrang ass risegrouss. Ee vun hiren éischte Sätz ass dacks: “Ech kann dat.“

Jo, si kënne vill, méi ewéi mir hinnen zoutrauen. Mee et ass awer dacks nach Ënnerstëtzung vun erwuessene Mënschen noutwenneg.

Den Educatiounsministère ass mam gudde Beispill virgaangen an huet enger Klass aus dem Précoce zu Monnerech op spilleresch Aart a Weis gewisen, wéi Sécherheet am Verkéier an um Vëlo ausgesäit.

Bicycool
© MENJE

Dofir verantwortlech ass de Projet Bicycool, deen Deel vum Aktiounsplang „Gesond iessen, méi beweegen“ ass. Dëse gesonde Plang gëtt ënnert anerem vu SCRIPT an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung esou wéi dem Sportsministère an der Uni Lëtzebuerg opgestallt.

Ursprénglech war de Start fir d’Schoulrentrée 2020/2021 geplangt, opgrond vun der Coronapandemie huet et leider e bësse méi laang gedauert.

D‘Zil vum Projet ass net nëmmen einfach, en ass luewenswäert. E bréngt Kanner bäi, sécher um Vëlo ze fueren a sech op den zwee Rieder ze behaapten. D‘Aussiicht op ee Schoulpokal erhéicht d‘Motivatioun vun de klenge Schüler bestëmmt.

Fir weider Informatioune kënnen interesséiert Schoulen an Erzéier sech un d‘Internetsäit vu SCRIPT wenden.

Dernières nouvelles