Ukrain: Konflikter beanträchtegen Honnertdausende vu Mënschen 

D’Mënschen am Osten vun der Ukrain hunn et schwéier, Honnertdausende vun hinnen ginn duerch d’Konflikter beanträchtegt.

Dës Mënschen esou wéi hier Bedürfnisser därfen op kee Fall iwwersinn ginn. Fir si ass et schwéier den Alldag ze meeschteren. D’Mënschen an der Géigend vun de Konflikter leiden ënnert Honger a komme schwéier un Iessen, Waasser a medezinesch Versuergung.

Och Stroum ass bal net ze fannen. Dës weideren sichen zuelräich Mënschen hier Familljememberen, déi wärend de Konfikter verluer gaange sinn. Et ass dramatesch. Dausende Mënschen – Zivilisten a Kämpfer – sinn ëm d’Liewe komm oder goufe blesséiert. Et ginn Affer op alle Säiten ze bekloen.

Et ass ee Konflikt, dee perséinlech, psychologesch an emotional Grenzen fir jiddwereen huet. Doudesfäll, Traumata, d’Gewalt an d’Onsécherheet suergen fir eng emotional Belaaschtung, déi schwéier ewechzestiechen ass.

Den Alldag ass bal net ze meeschteren, de Schuet u Waasser-, Gas- a Strouminfrastrukturen ass enorm. Minnen a Blanngänger sinn eng weider Erausfuerderung an een zousätzlecht Risiko. Och Kanner, déi um Feld geschafft hunn an Holz gesammelt oder einfach nëmme gespillt hunn, goufe blesséiert oder hunn hiert Liewe gelooss.

Den Internationale Comité vum Roude Kräiz ënnerstëtzt déi Betraffen op béide Säiten. Dobäi gëtt probéiert hiert Liewen erëm opzebauen. Mee dat gëtt net einfach.

Haiser, Spideeler, Schoulen – all noutwenneg Infrastruktur muss op een Neits opgebaut ginn. Dobäi ënnerstëtzt d’Organisatioun och Programmer, fir d’Situatioun an de Prisongen ze verbesseren. An dësem Kader stellen si ënnert anerem Hygienematerial zur Verfügung. Och do musse Coronamoossnamen getraff ginn.

Dës weideren ginn Campagnen geleet, déi op Minnen Opmierksamkeet maachen, och eng psychologesch Ënnerstëtzung gëtt ugebueden.

Dat ass alles vill Aarbecht, mee et ass fir ee gudden Zweck. Fir e Liewen mat Zukunft an enger besserer Existenz.

Dernières nouvelles