Supermaart a Metzler: Kontrolle vun de Woen

Rezent huet de Ministère fir Konsumenteschutz spezifesch Kontrollen ugeuerdent, fir d’Woen an de Supermäert a Metzlereien op hir Korrektheet ze préiwen. An esou munchen Etablissementer huet een et mam Taragewiicht net esou eescht geholl an dem Client soumat och d’Verpakung verrechent.

Besonnesch bei lassenem Uebst a Geméis, awer och hannert der Kéis- a Fleeschthéik berechent d’Wo op d’Gewiicht vum jeeweilege Produit hin, wéi vill de Konsument ze bezuelen huet. Dem sougenannte Code de la Consommation no, dierf dobäi d’Verpakung, sief dat eng Tut, e Pabeier, e stoffe Sak oder och déi klassesch Barquette, net an de Präis mat afléissen.

An dësem Kader sinn 41 Metzlereien a Fleeschthéiken an de Supermäert méi genee ënnert d’Lupp geholl ginn an tatsächlech war an 18 Fäll den Tara net richteg agestallt. Bei der Nokontroll huet sech gewisen, datt d’Majoritéit vun den Etablissementer Upassunge virgeholl huet. Ma, a 6 Fäll gouf et keng Verbesserung a si goufe protokolléiert.

An dësem Kader gëtt drop higewisen, datt de Konsument sech bei Bedenken un de Verkeefer riichten oder de Ministère kontaktéiere soll (info@mpc.etat.lu).

Dernières nouvelles