Kuckenswäert Amazon-Serien

Den Amazon Prime-Programm gëtt ëmmer méi ëmfangräich, d’Auswiel ass grouss. Et kann ee sech scho bal net entscheeden.

Hei si puer Tipps, déi der Redaktioun gutt gefall hunn – villäicht ass eppes fir Iech dobäi.

Mat der Serie « Railroad Underground » setzt de Spectateur sech mat der Zäit vun der Sklaverei auserneen. D’Serie ass net nëmmen historesch, mee och fiktiv. Iwwer 10 Folge laang erliewe mir d’Geschicht vun zwee Afroamerikaner, déi virun hirem « Meeschter » flüchten an esou Deel vun enger Ënnergrondgrupp ginn. Railroad Underground setzt sech schounungslos mat dësem däischtere Kapitel aus den USA auserneen. Et ass zimmlech haart, mee grad dofir gehéiert si zu de beschte Serien an de leschte Joer.

The Marvelous Mrs. Maisel

Dës Serie erzielt d’Geschicht vun enger jüddescher Hausfra. D’Handlung spillt sech an de 50er Joren of, d’Protagonistin probéiert sech als Stand-Up Comedian startet. Et kann ee wuel behaapten, datt d’Staffelen een aussergewéinlech gudden Humor virweise kënnen. A grad dofir ass d’Serie perfekt fir ee gemittlechen Owend virum Fernsee.

Little Fires Everywhere

D’Reese Witherspoon ass a leschter Zäit méi dacks a Serien, ewéi a Filmer ze gesinn. Domat huet d’Schauspillerin nawell Succès. An der Miniserie geet et ëm eng kleng Virstad ewéi aus dem Billerbuch. Natierlech ass et esou ewéi iwwerall, d’Geheimnisser kommen all un d’Liicht. Dobäi huet d’Serie ee puer relevant Themen – Virurteeler, Diskriminéierung, Mobbing a vill méi. Dat stëmmt nodenklech.

Bosch

An der Serie Bosch geet et ëm de Polizist Hieronymus „Harry“ Bosch vun der Mordkommissioun. Hien huet ee grousse Sënn fir Gerechtegkeet a wëll mat alle Mëttele Verbriechen opklären. D’Serie ass héichwäerteg produzéiert. Et mécht wierklech Spaass, dem Bosch iwwert Schëller ze kucken, och wann hien et net ëmmer einfach huet. Mëttlerweil ass ee Spin-off ofgedréit, et däerf ee gespaant sinn.

Dernières nouvelles