Natur- a Geopark Mëllerdall: T’geet kuriéis weider!

Mat kuerzen, knackegen a kuriéise Videoen presentéiert den Natur- a Geopark Mëllerdall säi geologesch, kulturellt an natierlech Ierwen op eng besonnesch Aart a Weis. An den neien Episoden gitt Dir elo méi iwwert de Steekauz, de Loschbourmann, d’Bunn Charly, sou wéi d’Uebstzorten an de Wäibau zu Rouspert gewuer.

Ëm d’Wëssensvermëttlung an d’Presentatioun vun dëse spannende Fakten bleiwe mir bei engem scho bekannte Gesiicht. D’Conny Koob, Responsabel fir d’Kommunikatioun an den dräi Lëtzebuerger Naturparken, erzielt, erkläert a weist, wat munschereen sécherlech nach net wousst.

D’Videoe si wéi gewinnt nees op Lëtzebuergesch mat engleschem Ënnertitel an op YouTube a Facebook ze fannen. D’Kreativitéit an d’Themen ginn der Ekipp awer net aus, an esou kann ee sech elo schonn op nach vill weider Episode freeën.

Dernières nouvelles