Carte Blanche: Lassloosse ka schwéier sinn

Mee et heescht och ze akzeptéieren, datt verschidde Mënschen nëmmen en Deel vun denger Geschicht sinn.

Dat heescht awer net, datt et net wéi deet. Lassloossen oder “Äddi soen” deet ëmmer wéi – och wann een et scho virdru wousst. Dat gehéiert zu eise Gefiller, déi d’Zesummeliewe mat anere bestëmmen dozou. Et existéiere Mënschen, déi eis begeeschteren. An obwuel mir esou vill kämpfen, egal wéi vill mir versichen dës Bezéiung ze retten an egal wéi gäre mir dee Mënsch hunn, iergendwann kënnt de Moment an alles geet an d’Bréch. Sou war et warscheinlech scho virgesinn.

Et ass net schéin dësem Mënsch Awuer ze soen, mee heiansdo mécht d’Entscheedung fräi. An dëser Noutwennegkeet ass Fridden an Fräiheet ze fannen. Jo, heiansdo musse mir e Mënsch goe loossen, fir glécklech ze sinn an e Liewe voller Onrou hannert eis ze loossen. Domat loosse mir och eis emotional Onsécherheet lass a fannen ënnere Fridden. Lues awer sécher.

Ee Schlussstréch mat schéinen Erënnerungen ass besser, wéi op eppes ze bestoen an nervlech um Enn ze sinn. Mir musse léiere Mënsche lasszeloossen, déi eis net gutt dinn. A mir mussen dorunner denken, datt mir aus all Erfarung eppes fir d’Zukunft mathuele kënnen. Et ass wichteg, datt mir net mam Gefill zeréckbleiwen, datt mir net gesot hunn, wat mir fillen. An dat ass alles wat zielt.

Dernières nouvelles