Léif Frae, mir streiken

Den 8. Mäerz 2022 fënnt den drëtten nationale Fraestreik zu Lëtzebuerg statt.

Een Zil vun dësem Streik ass, datt Fraen hier onbezuelten Aarbecht nidderleeën. Dofir ginn d’Männer dozou opgeruff solidaresch ze sinn, an och emol kleng Haushaltsaarbechten ze iwwerhuelen. Der Wäsch- a Spullmaschinn ass et nämlech egal vu wien se gefëllt gëtt. Och Kanner iessen wat op den Dësch kënnt, wann et net vun der Mamma zerwéiert gëtt.

Beim Fraestreik geet et ëm d’Gewalt géint Fraen, déi ëmmer méi zouhëlt. Et geet ëm déi ongerecht Behandlung tëscht de Geschlechter. Et gëet ëm Gläichstellung, Homosexualitéit a gesellschaftlech Unerkennung. Et geet ëm alles oder näischt.

Ma souguer op der Aarbecht kënnen d’Fraen streiken – och wann et nëmme symbolesch ass. E Beispill si verlängert Pausen, violett Kleedung oder de Streikbutton.

Fir méi iwwert d’Organisatioun an d’Hannergrënn gewuer ze ginn, kënnt Dir hei klicken.

D’Demonstratioun selwer fënnt den 8. Mäerz um 17 Auer op der Garer Plaz hiren Ufank. Dobäi gëtt friddlech op d’Place d’Armes marschéiert.

Allerdéngs mussen déi néideg Sécherheetsbestëmmungen ofgehale ginn – Maskeschutz a sozial Distanz. Duerch déi aktuell Gesondheetssituatioun ass et wichteg ze erwänen, datt e nëmmen un der Demonstratioun soll deelhuelen, wann een sech gesond fillt a keng Covid-Symptomer huet.

Dernières nouvelles