Zongebriecher: De „Lëtze Beie Béier“

Nodeems dem Béier-Adventskalenner seng éischt Dier scho spärangelwäit opsteet, a sech jidderee wou scho „geschmaacht huet“ op déi nächst Ouverture freet, hei dann alles wat een zum gellege Béierchen hannert der zweeter Dier wësse sollt. Et handelt sech beim „Lëtze Beie Béier“ ëm eng weider Rezeptur vum allsäits beléifte Guy Majerus, de Braumeeschter vun der Béierhaascht.

Déi meeschte Produkter a Béierzorte vun dësem ganz engagéierte Braumeeschter sollte bekannt sinn, esou wuel och de „Lëtze Beie Béier“. Et ass dat wéi den opmierksame Lieser dierft notéiert hunn, ee sougenannten Hunneg-Béier. Hie fousst op engem Pils, läit awer 5,2% Alkohol liicht iwwert dësem sengem übleche Gehalt, deen éischter am Beräich vu 4,8/4,9% geleeën ass.

Et ass ee gefilterte Béier, wat an dësem Fall duerchaus sënn mécht, schliisslech sollt de Genéisser hei jo och den Hunneg schmaachen. Deen dierf net opdränglech sinn, an dem Guy Majerus seng grouss Braukonscht huet ass och hei nees voll zur Geltung komm. Et ass méiglech, datt een hei d‘Vollendung nach net ganz erreecht huet, anersäits dierf ee scho vu perfekter Harmonie schwätzen.

A jo, et ass éischter en usprochsvollen, wéi dann ee komplexe Béier, wat heesche soll, datt och hei d‘Resultat net vum „Himmel gefall“ ass. Hei stécht vill Akribie a Käppchen dran, nieft dem gudden Hunneg vun der Beienziichterei Koch-Clees, ouni deen et jo ee Pils wier. Et ass ee Béier, deen eis dann och mat all Schlupp nees sollt bewosst maachen, wéi wichteg d‘Biodiversitéit fir eis all ass.

Wann ee gewëllt wier elo vun engem „duuscht Béier“ ze braddelen – jo dee geet tatsächlech gutt erof – esou ass e gutt berode Mooss ze halen. Dat gesot, wien d‘Kolleegen oder d‘Famill op eng Kéis-Raclette invitéiert, an dees Lëtze Beie Beier bei 6°C kill gelagert huet, kann de Wäi lénks – oder riets – leie loossen. E passt generell gutt zu „behäerztem“ Kéis, an dee passt jo zum Apero.

Dernières nouvelles