Lëtzebuerg an d‘Belsch verlängeren hiren Accord zum Teletravail

Ewéi d’Coronapandemie hiren Ufank geholl huet, huet Lëtzebuerg, zesumme mat der Belsch beschloss, datt Frontalieren, am Kader vun de Sécherheetsmoossnamen, zum Teletravail zeréckgräife kënnen.

Dobäi gouf den éischten Accord den 19. Mee 2020 ënnerzeechent. Dëst Ofkomme bedeit, datt d‘Deeg déi d‘Frontalieren opgrond vun der Pandemie vun Doheem aus am Teletravail musse schaffen, net als Aarbechtsdeeg an hirem Wunngebitt ugesi ginn.

Dësen Accord ass elo bis den 31. Mäerz 2022 verlängert ginn. De Kampf géint d’Pandemie ass nämlech nach net eriwwer. Fir de Moment sinn 48.000 belsch Aarbechter, déi zu Lëtzebuerg schaffen, vun dëse Mesurë betraff.

Wann dëst neit Ofkommen net zwou Woche virum 31. Mäerz 2022 vun den zoustännegen Autoritéite gekënnegt gëtt, verlängert den Accord sech automatesch bis zum 30. Juni 2022.

De Finanzminister Pierre Gramegna seet der belscher Regierung Merci, fir déi formidabel Zesummenaarbecht wärend dëser Zäit. Zu dësem neien Accord gehéiert nämlech ënnert anerem, déi fënneft Well vun der Pandemie ze berécksiichtegen, déi ganz Europa betrëfft.

Dernières nouvelles