Lëtzebuerg besichen: Restriktiounen beim Reesen

Den Ausseministère huet d’Restriktioune fir Persounen, déi aus engem Drëttland op Lëtzebuerg reese wëllen, an hire Wunnsëtz ausserhalb vun der EU hunn, bis den 31. Mäerz 2022 inclus verlängert. Bierger aus der EU, respektiv dem Schengenraum kënne sech weiderhin ouni essentielle Grond an ouni Aschränkungen deplacéieren.

Ab elo dierfen och d’Ressortissanten aus Montenegro, Thailand, Tunesien, Uruguay an Taiwan net-noutwenneg Reesen op Lëtzebuerg untrieden, esou laang si e kompletten Impfschema virweise kënnen an den Impfstoff vum Groussherzogtum akzeptéiert gëtt.

An Europa autoriséiert sinn d’Vaccinen BioNTech Pfizer / Comirnaty, Moderna / Spikevax, AstraZeneca / Vaxzevria an dee vu Janssen. Ugeholl ginn och déi bio-änlech Impfstoffer Covishield (Serum Institute of India Pvr. Ltd (SII)), R-Covi (R-Pharm)), Covid-19 vaccine (recombinant – FIOCRUZ). Eng Lëscht vun allen Drëttstaaten, vun deenen hei den Impf-Zertifikat unerkannt gëtt, fannt Dir op www.covid19.public.lu.

Fir en Attest bei dréngend noutwennege Reesen unzefroen, solle betraffe Persounen hir Demande un service.visas@mae.etat.lu maachen Et gëtt och drun erënnert, datt bei all Fluch en negatiivt Testresultat benéidegt gëtt. DTAAN-Test sinn elo 48h gülteg, wärend Antigen-Schnelltest 24 Stonnen ugeholl ginn.

Kanner ab 12 Joer an 2 Méint musse bei hirer Arees e kompletten Impfschema virweisen, en Zertifikat genesen ze sinn oder en negatiivt Testresultat.


Annexe:

Communiqué du ministère des Affaires étrangères et européennes relatif aux
restrictions temporaires en matière d’immigration

Dernières nouvelles