Lëtzebuerg gëtt Pëtrols-Reserve fräi

Am Zesummenhang mat de klammende Pëtrolspräisser an de méiglechen Auswierkungen, vun der russescher Invasioun op d’Ukrain op d’Versuergung vu Pëtrol an anere Produkter, huet de Virstand vun der Energieagentur, d’Entscheedung geholl ee koordinéierte Plang auszeféieren.

Dëse gesäit vir, datt de Pëtrolnoutstand opgehuewe gëtt. Mir schwätzen hei vu Lagerbestänn déi bis zu 60 Millioune Barrel erreechen.

Och Lëtzebuerg, (esou wéi aner Memberlänner) hëlt un dëser fräiwëlleger Aktioun deel. Dës huet zum Zil, Sécherheetsreserven an Ëmlaf ze bréngen, déi sech bis op 108.685 kb belafen. D’Vereente Staaten, Frankräich an Holland maachen och mat.

De Claude Turmes, Energieminister vu Lëtzebuerg präziséiert:

« De Pëtrolsmarché ass ee globaliséierte Marché. D’Participatioun vu Lëtzebuerg un dësem Plang ass offensichtlech, fir déi International Energieagentur ze ënnerstëtzen. De Moment huet d’Sécherheet vun der Pëtrolversuergung an d’Stabiliséierung vun de Präisser Virrang fir d’Regierung. »

An dësem Kontext ënnersträicht hien nach, datt Lëtzebuerg déi europäesch Beméiungen, dat ukrainescht Stroumnetz mam europäeschen ze synchroniséieren, ënnerstëtzt.

Dernières nouvelles