D‘Erklärung zur Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik

Och bei der Deklaratioun zur Kooperatiounspolitik, hat de Minister Franz Fayot de Covid19 fest am Bléck an huet ee Bilan betreffend d‘Vermëttlung vu Vaccine fir aarm Länner gemaach

Notéiere mir fir unzefänken, datt eis Land eent vun de ganz wéinegen ass, datt 1% vum BIP fir d‘Entwécklungshëllef bereetstellt. Et dierf ervirgehuewe ginn, datt wärend der Pandemie keng Absichte bestanen hunn, eppes dorunner ze veränneren. Natierlech huet sech och déi sanitär Kris, op de BIP ausgewierkt, firwat de Beitrag entspriechend gefall ass.

Woubäi „gefall“ ass och ëmmer eppes Relatives. Am Pandemiejoer 2020 goufen ëmmerhin 396 Milliounen, also 1,03% vum BIP agesat. Dat sinn dann awer 43 Millioune manner wéi 2019. Elo gëtt gepréift, ob et méiglech dat dëst Joer nees opzehuelen. D‘Entwécklungshëllef 2021 läit iergendwou tëscht 455 a 461 Milliounen Euro, fir 2022 kéinten et 473 Milliounen Euro sinn.

Elo dierft et vill Themen, Aktiounen an Projeten hunn, déi sech gelount hätten eppes méi staark ze beliichten, mee et geet ëm Politik an déi ass den Ament op d‘Reprise vum Covid19 fokusséiert. A wann de Coronavirus am räiche Lëtzebuerg zu de gréissten Urgencen, nieft Logement, Klima an Energie gehéiert, dann dierft et fir besonnesch aarm Länner, nach eng vill gréisser Urgence sinn.

An déi hunn, entgéint de Versprieche vun der Weltcommunautéit, fir déi meescht nach ëmmer keen Zougang zu de Vaccinen, a wann da just zu därer, mat deenen een zu Lëtzebuerg kee Covidcheck-Zertifikat ausgestallt géif kréien. Well ee sech net selwer an dat eegent Fleesch schneide soll an och net iwwert anerer dierf lästeren, huet et éischter keng Erklärung derzou ginn, firwat deem esou ass.

Natierlech weess och eise Kooperatiounsminister, datt keen eppes fir näischt kritt. Wien kee Goss huet muss entweder Scholde maachen oder den Aarsch duerhalen, ergo sech nach eppes weider vun den Hären iwwert de Leescht zéie loossen. Entwécklungshëllef ass jo och ëmmer ee grousst Stéck Wirtschaftspolitik, firwat et och streng geholl keng Zesummenaarbecht am eigentleche Sënn gëtt.

Et brauch Suitten an den Iddien

Dat alles verhënnert net, datt Lëtzebuerg sech ëmmer virbildlech verhält an eng gréisser Expertise a Saache Resilienz Opweises huet. De Staat, d‘Finanzplaz mat all sengen Acteuren an d‘Leit am Land selwer, wësse wat heescht Verantwortlech mat „aneren“ ëmzegoen. Lëtzebuerg ass e Contributeur bannent der Impf-Allianz (GAVI) an dem Programm Covax, vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO). A béide Fäll géi ëm eng gerecht Verdeelung vun den Impfstoffer, goen. Geet emol behaapt.

Wat Lëtzebuerg elo hei am Detail mécht a wien dann an dëse „Gremien“ Lëtzebuerg, als ee vun de – gemooss un der Gréisst vum Land – vertrëtt? Onwichteg, well de GAVI-Gremium gëtt vum José Manuel Barroso (65), fréieren EU-Kommissiounspresident, presidéiert. Elostellt Lëtzebuerg selwer jo keng Covid19-Impfstoffer hir, firwat mir dann hei eigentlech just ee finanzielle Beitrag leeschten.

E Beitrag deen dann awer vun 2 op 4 Milliounen Euro gehéicht gouf. Doriwwer eraus hätt mir versprach en Don vu ronn 400.000 Dosen ze maachen. 300.000 Dose vum AstraZeneca, dee jo éischter „net beléift“ ass n nach emol 100.000 Pfizer/Biontech-Dosen. Dei vu Pfizer/Biontech si fir de Vietnam bestëmmt, beim AstraZeneca muss nach gekläert gi wien dës zougestane soll kréien.

56.000 Dose vum AstraZeneca goufe schonn un de Cap Vert ausgeliwwert, weider 10.000 Moderna Dose ginn de Partnerlänner zur Verfügung gestallt. Vergiesse mir net, datt och mat Apparaturen ausgehollef ginn ass. Tunesien huet Ventilatore kritt, de Burkina Faso krut Frigoen. Dat ass alles net verkéiert, an awer ass ee Meilewäit dovunner ewech, scho vun enger gerechter Opdeelung vun der Vergab vu Vaccine schwätzen ze kënnen. A well se all um Patentrecht festhalen, ass et wéi et ass…

Vläicht dierf een net esou kriddeleg sinn

Notéiere mir an dësem Kontext nach, datt um Méindeg d‘Paulette Lenert an de Franz Fayot sech mat eisen „nationale Stock“ un Impfstoffer beschäftegt hunn. E gudde Pak vun der „Reserv“ oder „Disponibilitéit“ betrëfft eben d‘Dose vun AstraZeneca (Vaxzevria) a Moderna. Laut der Santé hat et op de 5. November: 13.110 Vaxzevria Dosen (Haltbar bis den 30. November) an 31.800 Dose vu Moderna (Haltbar bis den 28. November – 23. Februar, jee no Charge).

Ganz interessant hei d‘Feststellung, datt zanter Mëtt-Oktober den Zougrëff op eben déi hei genannt Impfstoffer bei Null geleeën ass. Si sollen – wann se hei kee Wëll – esou séier wéi méiglech un ee Land weidergereecht ginn, datt Impfstoffer brauch a keng kritt, Dat awer wier nees net am Aklang mat der Recommandatioun vun der WHO, déi beseet, datt een nëmme Vaccine soll weiderginn, déi nach mindestens dräi Méint haltbar sinn. Dat kéint gutt Grënn hunn.

En aneren, net onintressante Fakt: mir hunn nach 9.900 Dose Janssen, also deen Impfstoff, deen elo net méi gutt genuch ass a mat engem mRNA-Vaccin seng Wierksamkeet soll besser entfale kënnen. Dësen daacht vläicht net als Schutz géint de Covid19, dofir ass dee wou mir hunn nach gutt bis an de Juni 2023. De Pfizer/Biontech (81.840 Dosen) hält sech bis Enn Mäerz. D‘Regierung ass awer zouversiichtlech, dësen nach bannent der Populatioun lasszeginn.

Foto: © Chambre des Deputés / unsplash

Dernières nouvelles