Den 27. März ass de Raoul Biltgen mol erëm eng Kéier a sengem Heemechtsland.
Treffe kann een de bekannten Auteur um 17 Auer am Rittersall vum Schlass Buerglënster an engem Gespréich an enger Liesung mam Danièle Gaspart, Manon Roukoz a Jean Beurlet. Fir d’Musék ass de Pit Dahm zoustänneg.
Dës ritterlech Liesung gëtt vun den Amis du Château de Bourglinster organiséiert.