Asaz op der N7: Linnebus geet a Flamen op

Tëscht Housen an demRond-point Fridhaff (N7) ass gëschter Owend géint 18 Auer eLinnebus a Flamen opgaangen. D‘Passagéier an och deBuschauffer konnte mat Zäite flüchten.

Ëm 25 Pompjeeën vum CGDIS waren am Asaz fir de Brand ze läschen an d‘Situatioun ënner Kontroll ze bréngen. Nach um spéiden Owend waren d‘Asazkräfte op der Plaz, fir en erneit ausbrieche vun de Flamen ze verhënneren.

Wéi et zum Virfall koum, ass net gewosst. D‘Streck gouf temporär gespaart an de Verkéier ëmgeleet. Blesséiert gouf glécklecherweis keen. De Bus selwer ass allerdéngs komplett ausgebrannt.

Dernières nouvelles