D‘Cité Bibliothéik an der Stad Lëtzebuerg luet de 14. Dezember um 18:30 Auer op hire bekannte literareschen Dënschdeg an.
Den däitschen Auteur Erhard Schmied liest aus sengen däitschsproochegen Héierbicher « Die kuriosen Fälle des Kommissar Rothmann » vir.
Den Auteur schreift nieft senge Bicher och Theaterstécker fir Kanner a Jugendlecher a gouf scho mat sou munchem Präis ausgezeechent.
De literareschen Owend ass wéi gewinnt gratis, d’Reservatioun ass allerdéngs obligatoresch. Dës kann iwwer Telefon 4796 2732 oder Email bibliotheque@vdl.lu erfollegen. D‘Anhale vun de sanitäre Sécherheetsmoossnamen ass Flicht.