Literareschen Dënschdeg an der Stad

D‘Cité Bibliothéik an der Stad Lëtzebuerg luet den 31. Mee um 18:30 Auer op hire bekannte literareschen Dënschdeg an.

Den lëtzebuergeschen Auteur Jhemp Hoscheit liest aus sengem neiste Buch « Tëscht den Zeilen » vun den Editions Guy Binsfeld vir. Fir de musikalesche Kader suergt den Jules Arpetti.

D’Liesung fënnt am Cité Auditorium statt.

De literareschen Owend ass wéi gewinnt gratis, d’Reservatioun ass allerdéngs obligatoresch. Dës kann iwwer Telefon 4796 2732 oder Email bibliotheque@vdl.lu erfollegen. D‘Anhale vun de sanitäre Sécherheetsmoossnamen ass Flicht.

Dernières nouvelles